Vun déi Säit der Syr - 1. Deel

[ www.MillyThill.net ]

Milly Thill

mtcoverfront.jpg(75 KB)

1936 - 1940 --- DEEL: Ia

01. Wéi ech fir d'éischt an d'Schoul gaange sin
02. Wann d'Wisen op waren
03. Ëm déi Ouljer Kiirmes. 1938
04. Allerhelljen an Allerséilen zu ménger Kannerzäit
05. Vum Zichelchen ënner dem Chrëschtbeemchen an dem Kand op der Lokomotiv
06. Groussherzoginsgebuurtsdag mam Fakelzuch
07. Wann d'Duerf am Wanterschlof luch
08. Vu Kierfmécher an allerlee Duerfhandwierksleit
09. Is Molkerei
10. Wéi Pati, Träipen a Jhelli nach hausmaacher Wuer waren
11. Vu Kouertenholz a vergaangene Fréijoërsspiller
12. Allerlee Kuriositéiten ëm d'Ouschterbotz

[Index] [Home]

01) Wéi ech fir d'éischt an d'Schoul gaange sin

Ouljen, den éischte September 1936: Muergens huet méng Mamm mech an aller Herrgottsfréi waakreg gemaach. den Dag war elo do, wou ech fir d'éischte Kéier an d'Schoul sollt goen.

Am Ablack war ech d'Trap erof, stung an der Kiche beim Waassersteen a si mir nëmmen esou e bëssche mam Läppchen duerch d'Gesiicht gefuer. Den Owend virdrun hat d'Mamm mech an der Wäschbittche gebuet a mäi Gezei schons prett geluegt. Ech hu mech selwer ugedoen, mä d'Mamm huet missten hëllefen déi nei laang hellgro Huesen un de Lastik vu méngem Leifchen uknäppen an déi barbaresch Strékkele mat de Pénken duerch d'Reilächer an d'Krämp vun denen neien héije Schong aus schwaarzem Lieder zéien a strécken. duerno huet si mech gekämmt a mir en décke wäisse Putsch riets an d'Hoer gespéngelt.

D'Mamm hat mir schons Maufelen an eng Jhatt mat Mëllech agebrächt, huet nach e Schotz Kaffi nogeschott, e Schnatz Botter an e Grapp Zocker drënner geréiert. Ech hu mech drugin, déi gutt Bräch eranzefeieren, mä dee Muerge wollt si nët richteg erofrëtschen ...

Et gouf elo hell dobaussen, an d'Mamm huet de Känki ausgemat. Um siwen Auer huet d'Kiircheklack d'éischt gelaut. Ech gouf du ganz zabbeleg ... Méng Mamm huet mech missen zëssen a mir soen, ech kéim nët ze spéit an d'Mass. — Nom Kaffi hun ech séier d'Hänn an d'Mailchen ofgebotzt an du mäin neit Schiirtech ugedoen, dat d'Joffer Useldéng vu Rued mir gebitzt hat. Ech weess nach haut, wéi apaart gutt deen neien Zéphirstoft gericht huet, an erënnere mech hoërgenee un déi kleng blo-wäiss Karoen, duerch déi esou reng donkelblo a giel Sträife gelaf sin. D'Schiirtech hat e Schëllerstéck, eng Täsch, e puer Fale vir an hannen a gouf um Réck zougeknäppt. Et war op de Wuesstem geschafft, duerfir huet d'Mamm mir d'Äerm ëmgediebelt.

Duerno huet si mir mäin neie Liederschoulsak mat de Rimmen op méngem Réck ugebonnen, mir nach huerteg eng Bees gin a mech op de Wee geschéckt. Si konnt nët mat mir goen: si hat Déngscht an huet misse mäi Bridderchen a mäi kranke Grousspapp versuergen. Wéi ech iwwert d'Bunn war, hun ech hir nach eng Kéier gewénkt a sin äerdeg iwwer d'Syrbréck getrëppelt. Et war niwweleg a frësch. D'Schmuebele souzen a laange Reien op den Dréit. Et war e wäide Wee vun isem Haus bis an d'Kiirch, mä ech hun e gutt kannt, well ech sin all Dag bis a Giwesch, dat Haus vis-à-vis vun der Kiirch, Mëllech siche gaangen.

D'Klack huet d'zweet gelaut, wéi ech bei Wagenesch laanscht d'Schräinerei koum. De Monni Jhäng hat schons Luucht an der Wierkstat. Hien huet mir gewénkt, an den Néckelche koum erausgebëselt an huet geruff: "Aha, Modi, elo geet et anescht!"

De 'Kitzewee' op huet de Schoulsak mech nët ze knaps um Réck gedréckt. Bei Knäppjes stung de Jhemp an der Päerdstallsdir. Hien huet schalléckseg gelaacht a behaapt, de Schoulmeeschter géif mir haut d'Oueren erofschneiden. — de Fielspätter huet nieft hirer Kapellchen, beim Waasserkrunn, säi Gesiicht mat den Hänn gewäsch. D'Gued koum aus dem Haus, hat en héijen Hutt mat laange Fiederen op, e Pelz ëm d'Schëlleren hänken an en déckt Gebietbuch ënnert dem Arem. Si huet haart fir sech gededegt, iwwerdeems si op d'Kiirch zougaangen as. D'Schoutteschmamm huet Emere mat Schwéngsgefréiss an de Schwäistall geschleeft, wou hir Gusse mäerderesch gejaut hun. Bei Ziirde koum en décken Trapp Kéi aus hirem Haff op d'Strooss. De Jholli as ëm si gesprongen an huet zerguttst gebillt. E puer Kéi sin dorëmmer gebëselt, hun d'Schwänz an d'Lut gestreckt a gehéireg Fläpp op d'Strooss trëlle gelooss. Ech sin op d'Säit gesprongen an hu mir d'Nues zougehalen.

Wéi ech d'Duerfbréck eropgaange sin, hun d'Klacken ofgelaut. Du koume vun alle Säite Leit erbäi. Bei der Schoul hun d'Kanner hir Schoulsäck op d'Trap gehäit a si séier an d'Kiirch gerannt. Ech hu mäi Schoulsak awer ugehalen. — Duerfir huet sécher em Emil säi Franz esou gelaacht, wéi ech laanscht koum. — Virun der Kiirchepaart sin ech der Giwesch Tanti begéint. Ech hu si gutt kannt, well si huet mir all Dag méng Kan mat Mëllech gefëllt. Déi gutt Tanti huet mir frëndlech gelächelt, mech mat an d'Kiirch erageholl a mir mat Wäiwaasser e Kräiz op d'Stir gemaach. duerno sin ech eleng dee laange Gank eropgaangen an hu mech, wéi méng Mamm mir gesot hat, an déi éischt Bänk op der Medercherssäit geknéit. Den Här koum mat e puer Massendénger virun den Altar. Sou no hat ech si nach ni gesinn, well ech ëmmer um Duxall bei ménger Mamm souz, wa si mech emol mat an d'Kiirch geholl huet. Ech hun och verwonnert dragekuckt, wéi déi vill Medercher a Jongen esou absëns haart gesongen a gebiet hun. No der Mass koum de Paschtouer a séngem schwaarze Rack bei d'Kanner stoen an huet iwwer Kannerléier a Gebietbicher geschwat. Duerno huet en an d'Hänn geklappt, an all Kanner hun am Gank geknéit. Ech war ze soen ëmgefall wéint dem schwéire Schoulsak um Réck. Et gung an der Rei aus der Kiirch eraus. Dobaussen hun d'Bouwe gläich Kreesch gedoen, sech zerboxt a sin op d'Schoul zou gelaf.

Virun der Kiirch stunge vill Fraen d'Kanner ze kucken. Ech sin hannert dene grousse Medercher getrëppelt. Déi meescht vun hinnen haten e klengt Schiirtech mat engem Wollang un, dat hanne mat engem Schlapp zougestréckt war. Ech hun nëmmen e puer Medercher vu gesi kannt: Schouttesch Maria a Matill, Belschen Hëlen, Ziirde Marie-Josée an Theis hir Zwillingen. Ech stung eleng am Schoulhaff, bis Scharels Marja, en Nopeschmeedchen, bei mech koum a mir mäi Schoulsak ausdoe wollt ...

Du koum de Schoulmeeschter aus séngem Haus. Deen décken Här hat ech alt schons am Duerf begéint, a viru kuerzem hat méng Mamm mat him geschwat, wéi hie mam Wëlo bei der Barriär hull. — Eng Mamm as elo mat hirem Kand bei hie gaangen. Dat klengt Meedchen huet sech hannert hir verstoppt an huet verkraschen dragekuckt. De Schoulmeeschter huet vill gelaacht a ganz haart


Zeechnong: Elèven vum Milly Thill (Gruppenaarbecht)

gehouscht ... D'Bouwen hu rolzeg Fänkes gespillt, sin ëm déi déck Lannebeem gelaf an hun d'Medercher bal ëmgehäit, wa si laanscht gerannt sin. Et gouf mir kal ... De Schoulmeeschter gung nun am Haff op an of. Op eemol huet en an d'Hänn geklappt. d'Kanner sin all bei d'Trap gelaf, bal iwwerenee getrollt, hun hire Schoulsak erwëscht a sech an d'Rei gestallt. Déi Kleng, däer ech jo eent war, goufen un de Wupp gestouss. Et gung hellewech d'Trap op an d'Schoul eran.

Ei, 't war gutt schuckeleg an deem groussen Zëmmer, well et war Feier an deem héijen Uewen! Mä et huet esou gelungen dobanne gericht ... no frësch gëuelegtem Buedem ... Um Plafong hunge véier Luuchten, wéi déck wäiss Bullen, déi vill méi hell geliicht hun ewéi ise Känki doheem. Am Ablack souzen déi grouss Jongen a Medercher an denen dräi laange Reie Bänken. Ech koum bei dat verkrasche Meedche sëtzen. Et huet Olga geheescht a war och am éischte Schouljoer. Virun is souzen d'Bouwen aus iser Klass: den Tärens Jhull, de Leesch Jhosi an de Päifesch Emil. Si haten och alleguer en neit Schiirtech un.

Et war allerlee Kaméidi an der Schoul. Den "Här Lärer" as e puer Träpplécker eropgeklommen a stung wéi hannert enger hëlzener Këscht. Hien huet erëm an d'Hänn geklappt an d'Kanner hu sech all nieft d'Bänke gestallt. Gläich huet hien e grousst Kräiz mat der Hand vum Kapp bis op säin décke Bauch geschlon an huet de "Vaterunser" mat de Kanner gebiet. Duerno sin d'Schoulsäck ausgepaakt an d'Bicher op d'Bänke geklaakt gin. Et gouf erëm haart geschwat. Du fung de Schoulmeeschter un ze jäizen, gung op zwéi Bouwe lass an huet hinnen eng op de Bak geschlon ... Ech sin erféiert a krut de Bauch wéi ... Elo huet kee sech méi gemuckst ...

E puer Bouwe goufen ausgeschéckt. — Si koumen awer geschwënn erëm mat Äerbel voll Holz, dat si hannert den Uewe gehäit an du schéi getässelt hun. Grouss Medercher hun d'Blummestäck op den hënneschte Fënstere genetzt an d'Tëntefässer gefëllt. Scharels Julie koum mat engem Emer Waasser an huet mat engem décke Schwamp déi zwou héich Tafelen, déi ee ronderëmdréie konnt, gewäsch. — Ech hu mir alles gutt ugekuckt, viru mir a ronderëm mech.

Vun däer laanger Uewepäif hunge brong Sabbele laanscht de Kräizerfex un der Mauer erof. Op engem Bild war éng schéi Fra. Si hat e Pelz un an eppes wéi eng Kroun um Kapp. Op


Zeechnong: Johny Antony - - Manuel Bourmer - - Pascal Mond

engem anere war e Mann an Uniform. — Niewent ménger Bänk stung eng grouss Rechemaschin mat décke schwaarz a wäisse Bullen. E faarwegt Bild vum Rotkäppche mam Wollef huet mir extra gutt gefall ...

Elo koum de Schoulmeeschter bei déi Kleng. Ech hun him misste mäin Numm soen an alles weisen, wat ech am Schoulsak hat: mäin i-Buch, d'Buch mat den Zifferen, méng Lee mam Läppchen un der Ficelle, de Schwamp an däer schwaarzer lackener Dous, déi hëlze Griffelschachtel mat dem geblummelechten Deckel, deen ech esou schwéier opgezu kritt hun ... an du nach méng zwéi Griffelen, déi mäi Papp mir den Owend virdrun esou schéi gespëtzt hat. De Schoulmeeschter sot zu mir, et wir alles fein an der Rei. Du war ech frou ... mä ech hu mech gefrot, fir wat méng Mamm mir keen esou e blot Heft, kee Bläistëft a kee Gummi, wéi déi aner der haten, matgin hat a mir och kee Schoulsak fir an d'Hand kaaft hat. — Mir kruten alleguer eng Karmell vum Schoulmeeschter, hun dierften de Schoulsak apaken an heemgoen. Déi Grouss hu missten dobleiwen.

Ech gung eleng iwwert d'Bréck, d'Duerf op. All déi aner sin no riets heem gelaf. Wéi ech laanscht Knäppjes koum, huet de Jhemp Mëscht gelueden. Hien huet hannert dem Won erausgeluusst. Du hun ech him geruff, de Schoulmeeschter hätt mir d'Oueren awer nët erofgeschnidden. — D'Knäppjes Giedi huet hannert dem Haus d'Hénger gefiddert. Op däer anerer Säit, bei Buerg hirer Schmëdd, huet de Jhoss e Päerd beschloen, an et huet no Houf gestonk.

Am Galopp sin ech de 'Kitzewee' of gelaf. Mäi Schoulsak as mat gesprongen a mäi Läppchen un der Ficelle op an of gebommelt. D'Sonn war do, an den Niwwel war fort, wéi ech iwwer d'Syrbréck erëmkoum. Méng Mamm huet schons virum Haus op mech gewaart. Ech sin op si duer gelaf. Ech war frou ...a si och. — Si huet mir mäi Putsch a mäin neit Schiirtech ausgedon a gläich en anert ugezunn.

Mä, gleef mir es, wat wosst ech hir dun ze verzielen!

[Index] [Home]

02) Wann d'Wisen op waren

De Groum war agedon. D'Wisen hun hellgréng geliicht an der Méchelssonn an neit, zaart Gras as an d'Lut geschoss. Mä iwwer Nuecht koum décke fiichten Niwwel laanscht d'Syr geschlach an huet sech wéi e Schlär iwwer de Wisendall geluegt. Eréischt géint der Mëtteg krut d'Hierschtsonn dee groen Doft opgelicht an huet doropshin d'Uuchteblummen uechter d'Wisen opbléie gedon. Ménger wärrech, déi hun een näischt Gutts oune gelooss! Duerfir goufe se meeschtens schamper bekuckt a méi wéi éng schéi mof Blimmche krut e Fouss hannebäi. Och d'Kéi hun déi gëfteg Hierschtblumme veruecht a stoe gelooss. Dowéinst as de Béischten awer näischt entgaangen, ewell d'Weed war vëllég ...

Et war déi Zäit, wou d'Wisen op waren a ganz Träpp Kéi vun enger Wiss an déi aner geweet hun. Dat war eng Freed an eng Gällecht fir d'Kéihiirden, dat heescht, an éischter Plaz fir d'Kanner um Duerf. Si konnten de Kéi fräie Laf loossen a sech mateneen ameséiéren, well zu däer Hierschtzäit si se mat all hire Bauzen op déi sélwecht Weedplaze gefuer.

D'Feldwise koume fir d'éischt un d'Rei. Do war d'Fuddraasch kleng, mä reng, an d'Kéi hu sech d'Zong no deem kräideregen Teimerjännchen, dem séissen Huesebréitchen an deem säftege Geessekléi geleckt. Jhust vun deem Feldfudder hu se déi bescht an déi meescht Mëllech gin.

Aus deem Grond war de Weedgank ënnert dem 'Nures' virprogramméiert. Als éischt koum schons nom Mëttegeessen d'Knäppjes Ditti mat enger Dose Kéi iwwert d'Barriär. Si huet gefaart, engem anere séng Béischte géifen dee schéine jonke Kléi op hire Stoppelstécker laanscht dem 'Tréierwee' ewechbotzen. Duerfir stung d'Gréit op sénger Garde: an héijen, gefidderte Schlappen, an e schwaarze gehäkelte Këpp agebokelt, e Prabbli am Aarm, de Brëll virop der Nues an d'Stréckhues am Grapp. Wéi ëmmer huet d'Gued viru sech gepotert oder sech mat hirem Flix, deen hir zu Féiss luch, ënnerhalen. Dobäi huet si ganz besuergt opgepasst, datt keng Kou déck gin as. Soubal wéi Millesch Marie mat hire Randbéischten erduerch war an ënnert den 'Nures' gefuer as, huet d'Gréit hir Kéi vum Kléi geholl, se zréck an hir Perch bäi Millesch gefouert, d'Paart ferm zougemat an as de 'Kitzewee' aus heem getrëppelt. D'Knäppjes Gued war eben dersonner, hir Wise waren nët op ...

An där Bants koum dann elo een Trapp Kéi no deem aneren iwwer d'Syrbréck. Virop waren Theis hir, duerno Fiels Alice a Schouttesch Maria mat all hire Randbéischten. Ziirde Marie-Josée hat mat deem décksten Trapp séng Hänn voll wéi d'Barriär jhust zougaangen as an en Zuch laanscht gedosch koum. D'Kéi sin erféiert an hun déck Fläpp fale gelooss. Doriwwer waren d'Knuppe Jofferen natiirlech nët frou ... Wéi Scharels Mei mat hiren dräi Kéi bäi isem Haus laanscht koum, wollt d'Julie mech mathuelen. Méng Mamm war awer nët d'accord. Mä deen aneren Dag hat ech si esou wäit, dätt ech hun diirfe matfueren.

Genee wéi daagsvirdru sin ze soen déi selwecht erëm mat hire Béischten de 'Kéisbierg' opgefuer. Ech hun eng gutt Jaquette ugedon, d'Stréckhues an eng Schmier an d'Posch gestach a sin hannert Scharels hire Bauze mat virugerannt. Wéi mir bäim Nures ukoumen, haten déi aner Medercher sech schons am Hiwwel op Säck aquartéiert. Vun do aus konnte si de Kéi hire Weedgank gutt a Kontroll behalen. Dobäi hate si déi schéinste Vue iwwer Ouljen, e Stéck Widdebierg, de Kréckelsbierg bis op d'Neihaischen an de Sennéngerbierg, vu Rued eriwwer op Roudemer, bis bäi d'Radiosantennen zu Jonglënster an iwwer de Biwer Bësch bis op d'Betzder Schlass. D'Hierschtsonn stung schéin um bloen Himmel. D'Feldhemelcher hu sech mat Schiirpsen drugin an d'Heesprénger sin am Gras gehopst, datt et eng Freed war hinnen nozekucken.

D'Medercher hu sech gläich un hir Handaarbecht gin, sou wéi dat Moud war beim Kéihidden. Ziirde Marie-Josée huet un engem Dëschelduch brodéiert. Fiels Alice eng Spëtzt gehäkelt, Theis hir zwee, d'Martha an d'Margot, hun un enger Kappzich gebitzt a Scharels Julie huet e Pullover fir hiirt Kënn gestréckt. Schouttesch Maria war amgaang e Jour op dem Meetjee ze maachen. Hiirt Rosi huet haut och zur Gesellschaft gehéiert. Et war eréischt am éischte Schouljar a konnt schons zwee riets an zwee lénks strécken an huet sech drugi wéi eng Wissbei. Ech war un enger Hues mat der Feescht amgaang. Wéi ech un d'Käppche komm sin, huet d'Maria mech an d'Léier geholl. Dat war dach nët grad esou einfach, mä op eemol hat ech den Trick eraus. Iwwer dem Schaffe wossten d'Medercher sech allerlee z'erzielen an d'Marie-Josée huet Witze gerass.

Op eemol koum de Leesch Téidi och nach mat sénge Kéi. Hien huet d'Spiichten nogelauschtert a grad wéi d'Medercher sech gebrullt vu Laachen. Duerno as e virugereest op d"Kazbech' zou, wou hir an de Grompere waren. Mir goufen elo hongereg an hun is Schmieren erageschloen. D'Sonn gung iwwert dem 'Spatzenhaff' ënner an et gouf méi frësch. D'Kéi ware sat a si muttwëlleg gin. De Jolli an de Rexi hu se missten auserneen dreiwen. Min hun agepaakt, d'Kéi zesummegedriwwen an een Trapp nom aneren heem gefouert. Den Holzen Nick stung viru sénger Veranda eng Päif ze dämpen an is nozekucken. D'Léin hat séng Kou am Seel an huet s'am Summerwee laanscht d'Strooss wede gelooss. Wéi ech heem komm sin, hun ech gläich der Mamm méng Stréckhues gewisen. D'Feescht an d'Käppche ware fäerdeg an d'Gëengs war ugefaangen. Du hun ech diirfen deen aneren Dag mat an d"Weid' fueren. Do hu mir is am Monnonk séngem Haischen am Hiwwel installéiert an erëm gestréckt, gebitzt, gesproocht a gelaacht, ... an d'Kéi am A behalen.

Wéi se an d"Laach' gefuer sin, krut ech Giwesch hir Kéi "geléint", fir se dohi mat op d'Weed ze huelen. Do waren och Tärens hir, Schneidesch Adell an dem Emil säi Franz derbäi. Et war nët esou flott wéi ënnert dem 'Nures', well an der Emgéigend ware vill Rommelstécker, déi d'Kéi gelackelt hun. Dësweideren hu se sech nët diirfen op de Rueder Bann verlafen, soss sin nët nëmmen d'Kéi unënee geroden ...

E puer Deg duerno gouf gemunkelt, datt Päifesch an Eengel hir Béischte schons d"Fëschbéch' ofwede géifen. Du war kee méi ze halen. Daagsdrop sin déi meescht Kéi do hin dirigéiert gin. Ech krut Giwesch hir Kéi nët mat an d"Fëschbéch', well den Här Giwer huet behaapt, do wir zevill Trubblement a vun deër Weed géifen d'Kéi nët esou vill Mëllech gin wéi op 'Pollesch'. Du huet d'Millerin min hir Kéi matgin. Nämlech no dene grousse Bouwen hirem Reglement huet keen ouni Véi diirfen an der 'Fëschbéch' mathidden. An d'Medercher duurften och keng Nol, fir ze bitze mathuelen. Also, da konnt nëmme gestréckt gin.

Et war zimlech wäit bis an d"Fëschbéch'. Éier et de 'Kiemwee' eropgung, hu mir d"Roudemer Baach' missten traverséieren. Dat war de Kéi hires. Si hun dora getrampelt a sech dat Bulliswaasser gutt schmaache gelooss. Do huet een da misste bengelen an op de Steng hin an hir sprange bis een déi lescht Lisette mat viru krut.

An der 'Fëschbéch', wou eng léif Baach tëschent dem 'Rueder Bësch' an dem 'Kiem', vum 'Engelshaff' erof koum, luche Wiseflaatsche beiëneen, op denen et nach Weed gouf bis no Allerhellegen. D'Béischten haten do wiirklech fräie Laf an d'Hiirden hire Furri. De Päifesch Jhull, den Eengel Jhoss an de Belschen Norbert waren déi Heepsten. Si hun organiséiert. Den Tärens Will, de Wildges Ern, den Theis Leo an Hilgesch Jhosi a Robbi hu missten Holz, Reiser a Klëppelen aus dem Bësch erbäischlefen. De Leesch Jhoss, den Tärens Jhull an de Päifesch Emil sin op d'Sich no Grompere gaangen. D'Medercher hu sech laanscht engem Hiwwel ageriicht an d'Strécke sin aus de Kabangen erausgezu gin. Et goufe Maanshuesen a Plouwere gestréckt an allerlee Geschnadders gefouert. Iwwerdeems huet Ziirde Marie-Josée et nach färdeg bruecht e Ganghofer ze liesen. No an no si mir gewuer gin, wat de Braconnier an de Bëscher dorëmmer gestiicht hat. Ménger wärrech, dat huet esou richteg an d"Fëschbéch' gepasst! Mä dem Cëcill säin Hëlen wollt schons wëssen, wat mat dem Brakonnéier a sénger Freiesch géif um Enn geschéien. Mir goufen et näch nët gewuer, well mir sin an d'Lut gesprongen, wéi den Norbert vun hannenerbäi geschlach komm an e puer elle Mouke virun is gehäit huet. Du si Kreesch gefall ...

Iwwerdeems koum dat éischt Gehëlz un. De Jhull an de Jhoss hu sech geplot mat deem fichte Geräbbels, fir d'Feier un ze kréien. Et gouf masseg Damp, mä keng Flam. De Jhull huet elle geflucht. Op emol war et dann awer esou wäit. D'Flame sin an d'Lut geschlon an d'Bouwe si ronderëm gedanzt. D'Medercher, mir sin is bäi d'Feier wierme komm, well d"Fëschbéch' luch elo schons am Schiet an et gouf faméis frësch.

Op eemol si mir erféiert, wéi den Heenz vun uewen erower op is zoukoum. Hie war de Préiter, deen is vernenne koum, well mir den Efalt géifen erauskéieren an nët op d'Kéi oppassen déiten. Do uewe bäim 'Kiem' sténgen eng hallef Dose Bauzen an Ditzen hire Rommelen a léisse sech déi gutt schmaachen. Hie géif e Protokoll maachen, wann ... O jëmmen a gewëss, gläich hu mir de Jolli, de Bobbi, den Tommi an de Rex zu Hëllef geruff an hun is op d'Sich no denen Zatze gemat! Et waren och nach jhust Päifesch hir Kéi, déi derduerchgaange waren. Duerfir goufen d'Fraleit gutt vum Jhull vernannt. Mä mir hun is dat nët esou einfach gefale gelooss a behaapt, et wire kengem vun is séng geckeg Kéi gewiescht.

Iwwer deem Gestreits koumen de Jhoss, de Jhull an den Emil erbäigeschlach. Si haten d'Täsche voll Gromperen, déi si och an Ditzen hirem Stéck geklaut haten. Si haten den Heenz gesinn a sech du eng gutt Weilche verstoppt gehalen. E Gléck, datt de Préiter si nët erwëscht hat, soss wir et awer staarken Tubak gin!

D'Grompere goufe gläich an d'Feier gehäit. Mir hun is getouft ronderëm gesat: de Préiter hat d'Stëmmong grëndlech verduerwen. D'Bouwe goufen awer rëm monter, wéi si mat Bengelen an der Glous gestëppelt hun.

Den Norbert an den Eengel Jhoss koumen elo aus dem Bësch gerannt an hun ausser Otem erzielt, datt si e Fuuss an enger Fal entdeckt haten. Ëm Gottes Wëllen! Do hate se dach virun ongeféier engem halwe Jarhonnent dee leschte Wollef am Ouljer 'Kiem' erschoss. Waren och elo nach Fiiss grad an dëser Géigend? D'Schuddre sin engem de Réck erofgelaf. Am Nu waren d'Bouwen op an dervun ... bei de Fuuss. Et huet e gudde Strapp gedauert bis se erëmkoumen. Tatsächlech, de Fuuss war nach lieweg ... dat huet missten dem Miller Jhoss an dem Fieschter gemellt gin ... oder ... egal wéi, is Bouwe waren ausser sech.


Zeechnong: Paula Antunes

D'Grompere wäre mëll. Mat Bengelen hu mir si aus dem Feier gefëscht a kruten déi kuelschwaarz Schuel nët séier genuch erof. Ei, si hun esou apaart geroch ... nom Feier, nom Damp! A wéi extra hu se geschmaacht. Mm, eng Delikatess! — Op een Zoch hate mir Patten an eng Binnett wéi déi rengste Schaaschtechbotzerten. Et gouf nach besser wéi een deen anere weider geschwäerzt huet. Zu gudder lescht waren d'Bouwen erlauter Neger. Mir hu Kreesch gedon a kruten de Krämpche vu Laachen.

Vu fären hu mir d'Nuetsklack héiere lauden. Du as is d'Laache vergaangen. Op der Minutt gouf agepaakt, d'Feier ausernee gedämmelt an d'Kéi vun den Hënn zesumme gedriwwen. Esou jhust virun der Däischtert koume mir an engem laangen Trapp, mat Kreesch, Gesank an Tapaasch, am Duerf un. Ditze Jhäng stung bäi hirer Bréck iwwert der Baach an huet aner Kreesch gedon ...

Doheem gouf et fir d' "Neger an d'Schaaschtechbotzerten" eng gesalzte Grommelenzopp ... Mä, egal, dat as nëmmen esou laanscht is gelaf, well 't war dach derwäert derbäi gewiescht ze sin, an der 'Fëschbéch', wéi d'Wisen op waren ...

[Index] [Home]

03) Em déi Ouljer Kiirmes ... 1938

Wann d'Gromperen am Keller, d'Äppel an d'Biren um Späicher luchen, d'Stellaajhen an der Spëndche mat Agemaachtes beluede waren, wann de Viz an de Fässer gebrimmst an d'Sauermouss an der Kapesbidde gehuewen huet, da gouf op méngem Duerf, nët den Hunn, mä déi grouss Kiirmes gefeiert.

Dorop huet all Jar grouss a kleng sech e sëlleche gefreet. Mä éier d'Kiirmesstonn geschloen huet, sin d'Virbredongen op vollen Toure gelaf. Famille, Frënn a Bekannten, vun no a wäit, goufen agelueden. An den Haiser as geraumt, geschruppt, gewichst an ugestrach gin. A muencheree weess e Liddchen ze sange vu Frarosendag ... Mä matzen an der Kiirmeswoch hu vill Mammen d'Aarbecht leie gelooss a sin an d'Stad gefuer. Owes koume si dann aus dem Postauto a ware belueden ewéi en Iesel, mat décke Päck vum Sternberg, vun der Renommée a mat enger Huttentut vun der Michels oder vu Meta Brahms. Ouni en neien Hutt fir d'Kiirmes hun nämlech d'Fraën et deemools nët gedoen. Dat war dach deen Dag, wou de groussen Houfert erausgekéiert gouf an en neie Mantel an en neit Kleed zum gudden Toun gehéiert huet. Duerfir waren se bäi der Néidesch drun ewéi d'Ierz an der Wal. D'Heenzemamm, hiirt Anni an d'Sisi, hiirt Léiermeedchen, koume wochelaang nët virun Hallefnuecht an d'Bett, well si all hir Konnen hu missten zefridde stellen an tipptopp erausfiitzen.

Mä grad esou wichteg wéi den Houfert war d'Kiirmeseessen. Duerfir hung schons eng Woch virdru bäi muenechem Bauerenhaus e fette Guss op der Leder an et huet no Träipen a Pati an der Gaass geroch.

Bei is doheem krut de Menster Metzeler dee Samschdeg virdrun eng déck Commande vun der Mamm opgin: Rëndfleesch fir Zopp, Kalleffleesch fir Paschtéiten an e schéinen, décke Brot fir esou hirer zéng Kiirmeséisser.

D'Gebäck gouf vun der Mamm selwer besuergt. Schons déi Woch virdrun hat si Madeléinë gebak. A Freides virun der Kiirmes huet si an der Bakmull vum Kichendësch Miel an Zocker, Mëllech an Äer verschafft, de Schäffche gutt gehëtzt an doran en décke Kranz Kuch, eng Streiseltaart an e schéine Bond gebak. Et gong dann en Doft duerch d'Haus, deen engem d'Gloscht erausfale gedon huet.

Op deem Freidegmëtteg sin och d'Kiirmesween ugefuer komm an hu sëch virum Wäschbuer installéiert. Elo war fir genuch Opregong gesuergt. An der Paus hate mir dun allerlee ze kucken, wéi déi aner Säit, bäim Onkel, d'Klunschen opgeriicht goufen. Mir hun is bal nët méi gepackt ... an owes d'Frangen an d'Fënnefsoustécker an der Spuerbécks gezielt.

Samschdes moiens gouf d'Schéissbud an, ewéi d'Jongen déi Ariichtong genannt hun, de Lukas installéiert. Et as also ëmmer méi bont gin. —

Doheem war d'Kiirmesham schons eng Nuecht laang ageweecht. Wéi d'Mamm du nom Mëttegeessen op Rued bei de Coiffeur gaangen as, huet de Papp sech drugin d'Ham an engem gossenen Dëppen, dat d'Form vun enger Ham hat, op der Kachmaschin ze kachen. De Papp war besuergt, datt si schéi lues am Waasser gesiddert huet, e puer Stonne laang. No an no as e wiirzegen Doft vun der Kichen duerch d'ganz Haus bis eraus op d'Strooss gezunn. An esou huet et op eemol nach aus villen Haiser, no Kiirmes, geroch.

Géint der Owend wéi d'Ham gutt mëll war, gouf si aus dem Dëppe geholl an ofkille gelooss. D'Mamm war do, fir déi schéi Britt ze passéieren a se fir Zopp an Zooss ze versuergen. De Papp huet elo d'Messere geschlaff an duerno e Koup Ënnen an Dalere geschnidden.

Ech hu missten zwou Kane Mëllech a Giwesch siche goen. Do war d'Kiirmes och schons esou wäit ugeriicht. D'Tanti huet mir e Stéck Kranzkuch mat vill Reséngen erofgeschnidden, dat ech ënnerwee eragefeiert hun. Am ganzen Duerf waren d'Maansleit amgaang virun den Haiser, ëmt d'Schäpp a Stall an op de Stroosse mat laange Räissbiesemen ze kieren. De Salli vu Rued as mat engem Auto voll Brout, Kuch, Taarten a Bond vun Haus zu Haus gefuer. De Schneider Jhemp gung a Buurg eran. Hien hat säi schwaarzt Duch, wouran e Maanskostüm ageknëppt war, am Aarm hänken. Heenzen Anni koum aus Fiels eraus an as mat engem Pak um Rad weidergefuer.

Doheem war de Kaffisdësch gedeckt. Et gouf wootlechen Hamenopschnatz a Kuch mat Botter. Ei, domat war d'Kiirmes elo agelaut!

De Papp huet de Kullissendësch an der Stuff erausgezunn. D'Mamm koum dee beschten Eesservice aus dem Buffet huelen an huet den Dësch fir zéng Leit schéi gedeckt. Iwwerdeems as de Salli mat dene bestallte Paschtéiten an engem Aarbel voll Brout zur Kichendir erakomm. Geschwënn drop war och de Metzler Engel vu Menster mat engem ganze Koup Fleesch do. Elo hat d'Mamm all Wueren, déi si gebraucht huet, fir d'Kiirmeseessen. Si war zefridden an huet alles preparéiert, fir nach e puer Taarten ze baken.

Mäi Papp huet de Kichendësch op d'Säit geraumt an déi grouss Wäschbittchen erabruecht. Op der Kachmaschin stungen e puer Dëpper Kachewaasser. Dovu gouf een Dëppen an d'Wäschbittchen ausgeschott. D'Mamm huet kal Waasser nogefëllt bis et mondsgeriet war. De Bouf koum als éischten an d'Bidden. D'Saach huet him Spaass gemat sou laang, wéi hie konnt am Waasser plätschen, datt et duerch d'Kiche gesprutzt as. Wéi d'Mamm hien du mat Seef ageriwwen huet, war hien nët méi d'accord. Hien huet ugefaangen ze haulen a sech nët gi bis en erëm dréchen am Nuetshiem op der Mamm hirem Schouss souz. De Papp huet d'Bittche mam Waasser ausgedron. Wéi hien ërëmkoum, gouf si frësch agefëllt. Elo war et u méngem Tour. Bei mir gung et méi roueg erof an d'Mamm huet nëmmen iwwer méngem Réck nogehollef. Ech krut herno e schéint, neit Nuetshiem un, dat nach gutt no Meier-Heisbourg gericht huet a mir bis op de Buedem gaangen as. Doran hun ech mech am Bett ferm agewéckelt. Ech wir midd genuch gewiescht, fir gläich z'entschlofen, wann d'Mamm keen esou e Gerubbels an der Kiche gefouert hätt. A Sonndes muerens, éier si an d'Fréimass gung, war si schons erëm mat Wudderen amgaang. Och de Papp blouf déi Kéier nët laang leien. Hien huet Holz a Kuelen ërbäigeschleeft a sech ëm d'Feier a Kichen a Stuff gekëmmert.

Wéi mir un de Kaffisdësch koumen, stungen dräi Taarten op dem Schaf an d'Kiirmesham luch op engem grousse Plättel. Déi iewescht Schwaart war wéi lassgeschielt. Ennendrënner luch eng Lo Zwiwwelen a Rondelen a Pitsch Péiterséileg fir Garnitur. Déi prächteg Ham huet wonnerbar gehäerzt geroch. Dat konnt dach nëmmen eng Delikatess sin ... Et gouf Streiselkuch zum Kaffi. "Héier", huet de Papp op eemol geruff, "do sin se" ... d'Musikanten, déi den Hämmelsmarsch spille koumen. Mir sin opgesprongen an de Papp huet lëschteg gesongen "an d'Kanner loossen hire Kaffi ston" ... D'Mamm hat keng Zäit, fir ze sangen. Si hat d'Hänn voller Aarbecht: huet de Bouf ugedon, d'Better gemat, d'Kummeren an d'Rei bruecht a sech un d'Kache gin.

A Knuppe sin d'Kiirmesgäscht vu Betebuerg ukomm. Och Bertësse Ferd, d'Marie, de Roger an den Albert koumen am beschte Fuedem, an hirem Ford, aus der Stad op d'Kiirmes gefuer. A vum Banzelter Postauto si Buurg hir Kiirmesgäscht, déi flott an houfereg Kusine vun Ohn, ugereest komm. Och Banzelter Hari an d'Siss, déi haut bäi hirem Alice, an Theis, zou Gaascht waren, koume schons de Bierg erof a ware prett fir d'Houmass. Den Hari hat d'Dunn op an d'Siss e schéinen, schwaarzen, ronne Pelz un.

D'Klack huet zweet gelaut. De Papp an ech, mir hun is op de Wee gemat fir an d'Kiirch. Bäi Knuppe sin ech op d'Klärchen an d'Alice vu Betebuerg gestouss a mat hinne viru gaangen. Scharels hir ware gläich hannerun is, vu Kapp bis zu Fouss nei gekleet. Si hu sech gemengt wéi Pohunnen. Iwwerall koumen d'Leit mat hire Kiirmesgäscht, déi all houbescht erausgefiitzt waren, aus den Haiser.

An der Kiirch hungen déi wäiss-giel Fändelen aus, d'Richelieu-Spëtze luchen op, schéi Blummestäck an déi beschte Liichtere stungen op den Altär. D'Bänke war voll Leit, wéi s'um Duxall ugefaangen hun houfeschtlech ze sangen. Eng hallef Dose Massendénger waren an hire beschte Räckelen an den Här am "gëllene" Massgewand. A sénger laanger Kiirmespriedegt huet hien iwwer den hellege Wendelinus gedeedegt. De Schwäizer stung a vollem Ornat, wéi e Wiechter, matten am Gank.

No der Mass war de Papp ausnaamsweis viru mir doheem a schons amgaang d'Ham ze schneiden an de Wäin erbäi ze bréngen. Hei, du koum de Monni Vic mat ise Greiweldénger Kiirmesleit; der Mamm hiren Dafpätter an hir Frëndin, Schëmmele Marie! Du war fir Gesellegkeet bäi is gesuergt. Geschwënn duerno koum de Vic mat iser Menster Familljen un. De Pätter war am schwaarze Kostüm, mat wäissem Hiem a schéinem Schlipps. D'Ditti hat eng Biedemcheshauf an e ronne schwaarze Pelz un. D'Mamm huet der Tatta Anna hiren neie Sëlwerféchs bewonnert a sech awer duerno ëmt hir Kächerei gekëmmert. Et huet appetitterlech duerch d'ganz Haus geroch. De Bridderchen huet séngem Pätter bewisen, wéi flénk hien um Schaukelpäerd an Dräirad jhauwe konnt. Hie krut du eng déck Tablett Schokla ... an ech och. De Papp huet de Wäi servéiert an d'Mamm koum am wäisse Schiirtech mam Zoppekomp.

Mir hun is all un den Dësch gesat an zesummen de Vateronser gebiet. D'Vermischellszopp huet extra gutt geschmaacht. Duerno koumen d'Paschtéitercher. Mm, deër goufen et nët all Dag! No engem gudde Sträppchen as e säftege Brot mat allerlee Geméis an extra gebrode Grömpercher servéiert gin. De Papp huet nët mat Wäin a Viz geknéckt. Et gouf e sëlleche vun deër neier Greiweldénger Kellerei geriet an d'Eessen huet sech terribel an d'Längt gezunn. D'Tellere sin erëm changéiert gin an de Plättel mat der Ham an eng grouss Schossel Andéiwenzalott koumen op den Dësch. De Papp war a séngem Element, wéi séng Kiirmesham ise Gäscht esou gutt geschmaacht huet. Mir gouf d'Zäit laang an ech war schons méi wéi ... gesiedegt, mä méng gladdereg Zong huet op den Dessert gebiicht. Deen huet awer nach e Sträppchen op sech waarde gelooss bis den Dësch mam Kaffisservice gedeckt war.

D'Tatta Anna koum elo mam Bounekaffi an de Papp mat der Quetschendrëpp an der Zigarekëscht. D'Mamm huet de Bond, dee se mat Rum gedränkt hat an déi giel Crème mat de Schnéiwollécken ... endlech ... op den Dësch bruecht. — Ech war gläich mam Teller do. Ei, dat war mir eng Kiirmescrème! Déi gouf erageschlon! De Bridderchen an ech, mir kruten zweemol den Teller gefëllt. Is Kiirmesgäscht hun iwwer is gelaacht ... a sech de Bond extra gutt schmaache gelooss. An dee staarke Bounekaffisdoft an dee bloen Zigarendamp hun d'Kiirmeseesse perfekt gemat.

D'Klack huet fir an d'Vesper gelaut. Du hun ech misste siedelen, ech eleng. Wéi ech jhust fortgoe sollt, huet der Mamm hire Pätter mech geruff a mir e sëlwer Zéngfrangstéck an de Grapp gedréckt. De Monni Vic, de Pätter an de Papp hun och an d'Täsch gegraff. A mäi Brudder gouf och nët vergiess. O mei, wéi war ech elo esou räich! Et war bal nët ze faassen. Ech si wéi op Flilliken iwwer d'Syrbréck gelaf, an d'Vesper. Bei Millesch hull eng schéi Luxmaschin. Dat war hiirt Susann vu Malinn. Och d'Maria war do! Aus Buurg koum deen héijen Ohner Besuch an aus Knäppjes déi ganz Keeler Famill. D'Fiels Mamm war an neiem Gala. Hiirt Maria aus der Stad as doutchic a gutt parfuméiert op heijen Talongen a mat engem schéine Fuussepelz nieft hir getrëppelt. Bäi Ziirde koum en Trabant vu Leit aus dem Haff. D'Marie-Josée, d'Tata Therese an hire Jhosi, deen zu Steë Schoulmeeschter war, waren och derbäi. Déisäit der Bréck, bäi de Kiirmesbude war e Gewulls sonnergläichen. Sou vill Leit gouf et nëmmen am Duerf, op der Kiirmes.

Et huet lackeleg no Nougat, gebrannten Nëss a Schockela geroch an d'Turlatäin hat hir Gedruddels bis hannenaus opgedréit. An dobäi hun d'Klacken elo ofgelaut ... Schiltz Nathalie koum op mech zou. Hat huet mir säi schéine Rank gewisen, deen d'Giedi him schons op der Kiirmes kaaft hat. Ménger wärrech, du as mir déi feierlech Kiirmesvesper, an där esou vill Leit waren, nët séier genuch op en Enn komm! —

Soubal wéi s' aus war, sin ëch mat alle Kanner séier duerch d'Gewulls op d'Kiirmes lassgerannt. Bäi Leesch hirer Kapell hat och eng Zockerfra sech etabléiert, mä bäi där war nët esou vill lass. Virum Wäschbuer war dee grousse Buttéck, wou et gegollt huet. Do stung ech elo virun der Hällewull, déi an de Spiggele geblëtzt a geglënnert huet, hun d'Aën opgerass a wosst ménger Hänn kee Rot. Op der Dot hun ech e Rank mat engem roude Steen erbléckst, dee gefénkelt huet ewéi e Stär ... Ech hu méng Suen an der Mantelstäsch ronderëm gedréit ... an de Rank ferm am A behalen. Ech war op eemol wéi verhexst an hun een Zock drop gewisen. Schons huet d'Kiirmesfra mir en un de Fanger gestach an ech war gléckséileg. — Fënneg Frang hun ech missten derfir blechen. O mei, du sin ech awer erféiert an erëm zou mer komm! Egal ... ! Ech stung do mäi Rank ze bewonneren, wéi ee mech um Aarm gezunn huet. Ech hun ëmt mech gekuckt. Hei elei, do war mäi Papp mat isem Maansleitsbesuch! De Monni Vic hat mäi Brudder bei der Hand an as mat him op de Buttéck zougaangen. Ech hun dem Papp mäi Rank gewisen. Hien huet geschmotzlächelt. — Iwwerdeems koum ise Marcel op is zougerannt mat engem schéine blechenen Auto an der Hand. Hie war och zefridden. De Papp huet is allenzwee eng déck Zockerstaang kaaft a sot du zu mir, si géife bei de Simon e Pättchen huele goen, ech sollt op de Jong oppassen an hie mat heem huelen. Doriwwer war ech nët ganz begeeschtert, mä ... nujee. — Ise Marcel huet mech mat bäi d'Schéissbud gezunn. Do huet et geklaakt, wann d'Jongen op déi schéi Blummen a Fiedere geschoss hun. Dat huet dem Bouf gutt gefall, mä mir nët extra. Op eemol huet en Trapp Maansleit laudenhaart Kreesch gedon: "Allewandi, hau den Lukas!" Mir sin dohinner kucke gelaf. Do huet de Scharels Jhoss wéi benzeg mat engem décken hëlzenen Hummer op dat Instrument geschloen. E schwéiere Batz as an d'Lut erop gejhauft an et gouf en ongeheiere Knuppert. Ronderëm hu s'all gejaut a gelaacht. Elo war den Tour u Fiels Jhoss an um Emil séngem Jhull, mä si kruten de Lukas nët un d'Knuppen. Wéi Päifesch Néckel séng Kraaft probéiert huet, gouf et erëm Gerubbels.

Vis-à-vis sin d'Kluntschen op an of gejhummt. Theis hir Zwillingen hu sech héich gedréckt, mä dem Belsch säin Norbert as mat hirem Marcelli am héichste geflunn. Wéi d'Kluntsche stall gehalen hun, gouf et allerlee Gedrécks, fir esou e Schëff z'erwëschen. Mä mech hun d'Kluntschen nët absëns ugezunn. —

Et gouf esou lues Owend an eng Onmass Lute sin op der Kiirmes ugaangen. Lo war alles nach vill méi schéi bäi de Buden. Mä, ech hu fond, mir missten nun heem goen. Wéi mir ukoumen, huet d'Mamm sech driwwer opgehalen, datt


Zeechnong: Paula Antunes

ech ze laang mam Bouf ewech bliwwe war an datt de Papp nach nët erëm wier. — Ech hun der Tatta Anna ganz genëschelt mäi schéine Rank gewisen. Si huet gelaacht a vu Pafendallergold geschwat. Wéi d'Mamm e bemustert huet, gouf de Kapp gerëselt a behaapt: "Wann d'Kanner Geld hun, da léisen d'Kréimer." Boufteg! — D'Ditti huet mech léifgedréckt an de Rank bewonnert, mä ech war dach getouft. — De Bridderchen huet séileroueg säin Auto duerch d'Stuff jhauwe gedon.

An där Bants koumen is Hären erëm. Si ware gudder Déng a wosste vill z'erzielen. D'Mamm huet Kaffi servéiert. Mir hun is erëm un den Dësch gesat, fir "e Maufel Ham", wéi de Papp sot, z'iessen. Dobäi gouf et awer nach Kuch an Taart. Ise Mënster Besuch hat elo keng Rou méi, well bäi hinne géif d'Véi am Stall op si waarden. D'Mamm huet Ham a Kuch agepaakt an de Monni Vic as mat hinnen heem gefuer.

De Marcel an ech, mir hun elo misste schlofe goen. Ech hun nach héieren, wéi de Monni mam Auto erëmkoum an ise Greiweldénger Besuch heem gefouert huet.

Kiirmesméindeg war d'Abgestuerwenemass déck besicht vu villen Duerfleit an hire Gäscht. Bäi is doheem war de Papp schaffen, d'Mamm huet opgeraumt a gespullt. Um Mëttesdësch ware mir eleng. Mä eng Auer dräi koume Wagenesch hir op de Kaffiskränzchen. Ech hu mech op eemol heemlech ëwech gemat ... op d'Kiirmes.

Zu enger ganzer Band si mir virun Huemes, bäi d'Fënster luusse gaangen, wou esou allerlee lass war ... bäi der Danzmusek. — D'Kiirmesgeld huet awer nach vill vun is gebass, duerfir gouf sech duerno méi bäim Zockerbuttéck erëmgedriwwen. D'Bouwen hu wéi klorrose mat Feiersteng dorëmmer geknallt a s'absëns de Medercher virun d'Féiss gejhummt. D'Glécksrad koum haut nët zur Rou, well fir nëmmen ee Frank konnt een déi schéinste Saache gewannen. Ech hat Chance a mir e Kaz a Mausspill gedréit. Scharels Julie huet mir du e sëlleche gefléift, fir mat him een eenzeg Mol op d'Kluntschen ze goen. Ech hu mech schliisslech iwwerriede gelooss, bezuelt, a si mat him klunsche gaangen. D'Julie huet d'Schëff an d'Lut gedréckt a mir sin ëmmer méi héich geflunn. Et war richteg flott. Op eemol gouf et mir ganz gelungen ... Ech hun d'Aën zougepëtzt ... an omei, omei ... du koum et. Ech weess nët, wéi mir un d'Hale komm sin a wéi ech vun der Kluntsch erofkoum. Op alle Fall, ech war schéi begladdert an d'Julie och. Hatt war rosen an huet mech "domm Toz" vernannt. De Klunschemann koum mam Eemer an Torschong. Ech hu mech geschummt a si séier duerch d'Latte gaangen.

Am Kräische koum ech doheem zur Dir eragetiirkelt. O mei, do souz de Papp a séng Kollege bei der Kiirmesham! Si hu lëschteg geriet a mech ze soen nët anuecht geholl. Mä d'Mamm huet gläich gesinn, wat mat mir lass war. Si huet mech erwëscht, as mat mir bäi de Waassersteen an duerno op d'Kummer gerannt. Do gouf ech vu Kapp bis zu Fouss gestrëppt an an d'Bett getesselt. Et war mir doutschlecht ... Deen aneren Dag, op Kiirmesdënsdeg, war keng Schoul an ech sin eréischt fir d'Mëttegeessen opgestanen. Bäi Dësch hun ech kee Maufel ugeréiert. Owes huet d'Mamm mir Huewerbräi gekacht.

Mëttwochs wossten s'alleguer an der Schoul, wat mir passéiert war: déi Frech hun natiirlech de Spunnes mat mir gedriwwen. Esouguer de Knäppjes Jhemp hat Wand dervu kritt. Hien huet knaschteg gelaacht, wéi ech mam Mëllechdëppche laanscht koum. "Aha Modi", sot hien, "dann has de d'Fësch jo gutt gefiddert!" — Doheem huet d'Mamm mech getréischt. Si sot, dat wir nët esou schlëmm, ech bräicht mech nët duerfir ze schummen. Jo, si hat recht, schliisslech as méng Affär séier an de Vergiess geroden, well am Duerf wosste se sech elo esou vill Neis z'erzielen: vun hiren Tataën, Kusinnen a Koséngen a vun dësem sénger Freiesch an deem séngem Freier. —

Op der Nokiirmes war nach villerlee lass: an den Haiser, bäim Danz, virum Zockerbuttéck an op de Klunschen. Mech huet dee ganzen Zauber nët méi esou begeeschtert a speziell d'Schaukelen hatte mir d'Kiirmes zerguttst verlät ... Mä, eent as gewëss, déi Ouljer Kiirmes vun 1938 hun ech fir mäi Liewe laang nët vergiess.

[Index] [Home]

04) Allerhelljen an Allerséilen zu ménger Kannerzäit

Mäi Grousspapp, dat heescht ménger Mamm hire Papp, war virun engem gudde Mount bäi is doheem zu Oulje gestuerwen a gouf op dem Kiirfech a sénger Hemecht zu Greiweldénge begruewen. Géint Allerhelljen hu Papp a Mamm du misste mam Rad dohinner fueren, fir d'Graf an d'Rei ze maachen.

Gläich nom Mëttegeesse si se doheem fortgefuer a koumen eréischt an der Däischtert erëm. No der Schoul gung ech mäi klenge Brudder bäi d'Wagenesch Tatta ofhuelen an hun hien doheem versuergt. Et war mir awer nët ganz geheier, wéi et Nuecht gouf a mir zwee eleng doheem gehaust hun. Mir as e Stee vum Häerz gefall, wéi d'Mamm an de Papp endlech zur Kichendir erakoumen. Gelungenerweis konnt ech jhust du d'Tréinen nët méi verstoppen. —

Op Allerhelljendag selwer as de Bouf erëm a Wagenesch versuergt gin an ech si mat op Greiweldénge geholl gin. Wat dat bedeide géif, sollt ech dërsdaags erliewen. Éier mir fir déi Rees prett waren, gouf et nach allerlee Nervositéit doheem. Vun der Kummer erof huet de Papp e puer Mol d' "Margréit" geruff. Hie konnt säi wäisst Hiem nët fannen, dat d'Mamm him mat all séngem Gezei op d'Bett geluegt hat. Duerno gouf hien nët eens mat sénge Mânschetteknäpp an dem Schlapp ëmt dee gesteifte Kolli mat denen ëmgediebelten Ecken. D'Mamm huet him gehollef, wosst awer selwer nët den Duebelen ze wieren, well si sech och huet missten an d'Rei maachen. Glécklecherweis huet kee sech brauchen ëm mech ze këmmeren, wéi ech mäin donkelbloe sonndësse Mantel, deen neie wäisse Béret an dee ronne wäissgekrauselten Teddispelz ugedon hun! Zu gudder Lescht war de Papp dach den éischte fäerdeg. Hie koum d'Trap erof am beschte schwaarze Mantel, eng Dunn um Kapp, e Prabbeli am Aarm a war prett fir d'Rees. Nu gouf hien nervös, well d'Mamm him elo ze vill laang Zäit gebraucht huet. —

Wéi si zu gudder Lescht vun der Kummer koum, war si vu Kapp bis zu Fouss schwaarz, an den Trauer, gekleet. Virum Spigel huet si nach un hirem Hutt, mat der Gourmette ëmt dem Kënn, gefréckelt an hire laange schwaarze Flouer hannerzeg iwwer de Mantel auserneegezunn. Jhust wéi mir fortgoe sollten, huet de Papp nach Nuesschnappercher reklaméiert, well mat engem géif et him haut nët duergoen. D'Mamm as erëm d'Trap op an of gelaf. Endlech konnt is Viischtdir gespaart an de Schlëssel hannert der Bakes an d'Stopp geluegt gin. Mir sin dem Pad no, laanscht d'Bunn, op Rued gaangen.

Den Himmel war gro, d'Bëscher esou raschteg an d'Gewan wéi ausgestuerwen. E fiichte Wand huet is laanscht d'Ouere geblosen, wéi mir op der Eisebunnsbréck iwwer d'Syr gaange sin. De Papp huet séng Dunn ugehalen an d'Mamm hire Flouer ënnert den Aarm geholl. "Wann et haut nëmme kee Ree gët", huet si gemengt. Soss gouf weider näischt matenee geschwat a mir sin een hannert deem anere marschéiert. Dee schwaarze Kuelekräsi huet ënnert ise Schong gekréckelt. Bei der Scheif as d'Mamm stoe bliwwen, huet sech op mech gestäipt, ee Schong nom aneren ausgedon an déi kleng Stengercher erausgekippt. De Papp war is elo e gutt Stéck viraus a mir zwee hun is drugin hien erëmzekréien. An der 'Laach' as en décke Schwarem Kueben iwwert is geflugen, huet elle geschaddert a sech op Tärens hirer Brooch niddergelooss. No '66a' koumen elo vill Signaler an de Gleiser. Ech wollt de Papp doriwwer ausfroen, mä hie sot mir, ech sollt haut mäin Otem spueren. —

Zu Rued virun der Gare hullen zwéi Postautoën op den Zuch aus der Stad an dee vu Waasserbëlleg ze waarden. De Clement as iwwer Ouljen a Roudemer no Jonglënster gefuer an de Gielhausen iwwer Fluesswëller no Donven op d'Musel dorower. Aus Raatzens hu mir déck Maansleitsgerieds héieren. De Papp huet fond et wir nach gutt Zäit an as och an d'Wiirtschaft agekéiert. D'Mamm gung mat mir an d'Gare. Virum Guichet war décke Betrieb, mä dat as is näischt ugaangen, well mir haten e Fräifahrtsschäin. Am Wartesall souz alles voll Leit, déi all am beschte Fuedem op d'Griewer gefuer sin. Esouguer de klenge Wartesall vun der éischter Klass war haut och déck besat. No engem gudde Sträppche goufen d'Leit op de Quai eraus gelooss. Bäi Raatzen Cëcill as d'Dir opgeflunn an d'Maansleit sin hellewandéi op d'Gare lassgestiirmt.

Wéi den Zuch an d'Gare agelaf as, war de Papp och bäi is an huet nawell eng Plaz fir is fond an deem déck besate Persounenzuch. Ech stung bäi der Fënster, zur Menster Säit, an hu mir do näischt entgoe gelooss. No Minsbech war den Zuch geschwënn zu Éiter, wou mir ausgeklomme sin. Awer do war mir eng Hällewull Leit, déi op d'Voitürë gestiirmt sin an is bal nët ausklamme gelooss hun. Mir sin d'Trap of gaangen, ënnert der Bunn erduerch, a koumen déi aner Säit, virun der Gare, eraus. Do hull de Bouchard vu Wuermer mat zwéi Postautoën, déi nach ganz eidel waren. De Papp huet de Chauffeur kannt a bäi him d'Billjeë bezuelt. Mir souzen elo am Won ze waarden. D'Zäit gouf mir laang, well zu Éiter war näischt lass. Op eemol koumen awer e puer Maansleit am schwaarze Fuedem aus der Wiirtschaft bäim Keser eraus a si séier op d'Gare zougaangen.

Et war elo sou wäit. Den Zuch aus der Stad as agelaf. Geschwënn duerno koum eng Wull vu Leit op d'Postautoë lass. D'Billjeë goufen ageléist an d'Plaze séier besat. D'Mamm huet mech op de Schouss geholl an enger eeler Fra Plaz gemat.

Schons stung de Gank voll Leit an nach ëmmer huet sech eng ganz Kludder vir eragedréckt a mat wäisse Chrysanthemestäck erëmgeplot. Déi meescht waren a schwaarzem Gezei an d'Fraleit haten Hitt mat Fiederen, Pitsch a Voiletten op. Vill hu sech kannt a ware frou, sech ëremzegesinn. Duerfir koum elo, fräi a frank, miselesch vun der Long op d'Zong. "Gedau, a wäesch dau nach, wéi mir am Härrescht am 'Bënzbäreg', op der Kërmes am Dorref, an der Kërech an um Kërfech waren"! Schons koum ise Postauto zu Kanech un. Do as eng gutt Parti Leit ausgeklommen. Zou Greiweldénge waren et der nët manner. D'Mamm huet se ze soen alleguer kannt. E puer sin der bäi si komm an hu mat hir iwwer de Pätter geschwat. D'Klack huet elo fir d'Vesper gelaut. Virun der Kiirch stung schons e ganzen Trapp Maansleit beieneen.

Mir sin nach an iist Haus agaangen. D'Mamm huet d'Jalousiën opgezunn. Et war kal a fiicht dobannen an d'Olsems Haus war ausgestuerwen. D'Mamm as dorëmmer kucke gaangen an de Papp huet den Tour uertert de Stall an de Wäikeller hannert dem Haus gemat. Wéi d'Mamm d'Trap erofkoum, huet si gekrasch. Och de Papp huet ganz traureg dragekuckt a mat séngem Nuesschnappech d'Ae gewëscht ...

D'Klacken hun elo zu Haf gelaut. Ech stung bei der Stuffefënster a konnt d'Leit gesinn an d'Kiirch eragoen. D'Mamm war nach nët prett, wéint hirer Tréinen. Schliisslech gung et besser a mir hun is an d'Vesper begannt. D'Kiirch war schwaarz voll Leit a mir sin is mam Papp op d'Maansleit-Säit sëtze gaangen. Um Duxall goufen d'Psalme mat Schwonk gesongen, méi haart wéi zu Ouljen, an de Magnificat as extra laang a feierlech gezu gin. Duerno sin d'Massendénger an hire schéine roude Räckele mam Paschtouer an d'Sakristei gaangen. Geschwënn drop koume si a schwaarze Gewänner erëm. Ee Massendénger huet d'Raachfaass hin an hir gejhummt an den Här huet d'Doudevesper ugestëmmt. Dee fredege Gesank war elo, mir näischt dir näischt, an Trauer ëmgeschloen. Den "Dies irae, dies illa" gouf a sénger ganzer Längt gesongen an d'Leit hun dragekuckt ewéi der jéngster Dag. Beim "Libera" koum e Massendénger mam Prëssiounskräiz. Den Här huet mat der Wäiwaasserbiischt de Sege gin an de "Glaubegottvater" ugefaangen ze bieden. Iwwerdeems gouf d'Kiirch lues a lues eidel.

De Schoulmeeschter huet d'Bouwen elo hannert de Massendénger opgestallt. D'Medercher ware bei hirer Léierin. Mäsch Thérèse huet mech mat der Hand mat virugeholl. Et gung elo an der Prëssioun vun isem Haus un, laanscht d'Schoul, "Sauerwäins" a "Kunovs" op der rieter Säit, "Weiler" a "Schlëppen" op deër anerer Säit, duerch d'Duerf, op de Kiirfech zou. D'Musek huet en Trauermarsch gespillt. Iwwerdeems gouf de Rousekranz laudenhaart gebied. Uewen u "Bocken", wéi et "d'Knupp" op gung, as muenchen den Otem ausgaangen a virun der Kiirfechstrap gung d'Biede gehéiereg duurcherneen. D'Leit sin elo op hir Griewer gaangen. Ech stung wéi verluer do op d'Mamm ze waarden. Si huet mech mat der Hand geholl, well mir hun elo misste laanscht an iwwer Griewer klammen, fir bäi iist Graf ze kommen.

O mei, ënnert deem Hiwwel luch de Pätter begruewen! Dat war jo nët ze glewen. Mat enger Pällemstrauss hu mir iwwer dee schéine Pärelkranz an déi wäiss Chrysanthemestäck geseent. An de Papp huet Käerzen ugefaangen. Wéi d'Leit alleguer stunge mir hannert dem Kräiz, virun isem Graf. D'Massendénger koume mat dem Paschtouer an hun him dee schwaarze Kouermantel opgehalen, wéi hien d'Griewer geseent huet. Iwwerdeems huet de Gesank schéi stëmmeg an traureg gesongen. D'Mamm hat hire Flouer ronderëm sech geschloen an huet derhannert gekrasch. De Papp huet sech a säi Nuesschnappech geschnäizt an d'Ae gewëscht.


Zeechnong: Paula Antunes

Wou soll de Pätter dann elo sin? hun ech mech gefrot. Sou wéi den Här is d'lescht Woch am Katchëssem erkläert hat, wier de Pätter nach nët am Himmel, mä am Fegfeier; an der Häll wier en op kee Fall, well hie war e gudde Pätter ... Elo krut ech och Tréinen an d'An. Mat dene Greiweldénger hun ech mech du drugin de "Glaube festiglich" fir de Pätter ze bieden. — Der Mamm hiren Dafpätter, de Clorissen Hein, koum op iist Graf seenen a bieden. D'Mamm huet vill mat him geschwat, wéi mir vum Kiirfech erof, ënnert de Leit, d' "Knupp" of gaange sin. De Papp as mat him bäi de "Clorisse Franz" an d'Wiirtschaft agaangen.

Bäi "Mäsch" huet d'Mina op d'Mamm gewaart. Och Weiler a Chrëschte Marie koume mat is schwätzen. Duerno si mir a "Barbele" gaangen. Do hat d'Marjänn is e Kiirfchen Drauwe reservéiert an d'Mamm huet d'Allerhelljeblumme bezuelt, déi si moies op iist Graf gestallt haten. D'Margréit wollt eng Tas Kaffi maachen, mä mir hate keng Zäit, well mir sin och nach a "Schëmmele" gaangen. Do huet de Papp is erëmfond, wéi et déck Zäit war, fir ze Fouss no Éinen, op de Postauto, ze goen.

D' "Bläigaass" aus koume mir laanscht "Mischelen". De Schängelche stung virun der Dir an huet nom Monni Néckel an Amerika gefrot. No deër klenger Halt si mir du hellewech laanscht d' "Ale Baach", op d' "Hëttermillen" zougaangen. Do si mir der Musel begéint. Aha, elo gouf et méi interessant! — E liichten Niwwel luch iwwer deem brede Waasser. Bäi enger Krëpp war en Naachen ugestréckt an déi Säit am Preiseschen, zu Wier, as en Dampzuch laanscht gedosch. Dës Säit, ënnert de Fielsen, haten d'Wéngerte schéi faarweg Blieder, awer keng Drauwe méi. Mir si mat der Musel virugaangen, op Éinen zou, dat sech do ënnen an der Kéier schéin am Waasser gespigelt huet. D'Mamm an de Papp haten en déckt Gespréich mateneen: Ech hu weider nët nogelauschtert, well ech konnt nët widderstoen e puer Steng an déi déif Musel ze geheien.

Mir sin elo zou Éine beim "Würth" ukomm. D'Hotel Simmer war schéi beliicht an aus Rischens koum en Trapp Maansleit d'Trap vun der Terrass erof. Viru Bambergs stunge vill Leit op de Bouchard ze waarden. Ënnert hinne war den Här May vu Rued a séng Fra. Ise Bréifdréier huet haut ganz anescht ausgesinn a séngem schwaarze Mantel a mat sénger Dunn um Kapp. Et gouf elo zimlech frësch, well et gung op d'Nuecht zou. Déi Säit laanscht der Musel hu Liichter an enger Kapellche gebrannt. D'Mamm huet mir gesot, daat wir en Hellegenhaischen, wou d'Fëscher den Niklos géife veréieren. An dat wir och déi Plaz, wou all Jar de Kleesche mam Schëff d'Musel eriwwer kéim. Oho! Déi helleg Plaz hun ech du nët méi aus den Ae gelooss.

De Postauto koum elo vu Wuermer erop an huet haart getut. Et gouf erëm allerlee Gewulls bäim Aklammen. Mir kruten awer nach eng Plaz. Et war elo schons hallef däischter, wéi mir laanscht den Éinener Kiirfech gefuer sin. Do hun eng Onmass Käerzen op de Griewer gebrannt an an d'Owendsnuecht geliicht. Dat war esou schéin an hemeleg, datt d'Leit am Auto sech bal den Hals verrenkt hun, fir dat trausaamt Liichten esou laang wéi méiglech ze gesinn ...

Zu Gouschténgen hun ech erëm misste mech op der Mamm hire Schouss sëtzen. Haupesch Kätt vu Menster koum och eran an huet mam Papp geschwat. Zu Beyeren war de Postauto struppvoll Leit an zu Menster viru "Brauten" hun der sech nach eragequëscht. Bäi der Ditti war Luucht an der Stuff. Wéi mir zu Rued aus dem Postauto geklomme sin, hun ech no Loft geschnaapt. Mir sin zu Fouss, der Strooss no, heem gaangen. Ech war dätsch, wéi mir do ukomm sin, hun eng Schmier eragefeiert a si gläich schlofe gaangen. Éier d'Ae mir zougefall sin, hun ech fromm a getreisch fir de Pätter vu Greiweldénge gebiet, wat den Här is am Katchëssem virun e puer Deg geléiert hat:

"Lieber Heiland, sei so gut,
lasse doch dein teures Blut
in das Fegefeuer fließen,
wo die "Armen Seelen" büßen!
Ach, sie leiden große Pein,
wollest ihnen gnädig sein!
Hör auf das Gebet der Kleinen,
die sich gern mir dir vereinen!
Nimm die "Armen Seelen" doch
heute in den Himmel noch! Amen!

Den aneren Dag, op Allerséilen, war ech schons, wéi all méng Schoulkomeroden, an der Fréimass an an deër zweter Verstuerwenemass, déi eng op déi aner gehale gouf. Éier mir zur Kiirchepaart erausgongen, hate mir schons deen éischten Ablass gewonnen. An der Houmass hu mir erëm misste prësang sin. No deër traureger Doudemass gouf de Kiirfech geseent. All Ouljer stungen douteescht op hire Griewer a jiddfer Kand as op säi Familljegraf gerannt. Jhust de Beforts Pir, den Hilgesch Josy, Weilands Mais an ech, mir hu missten, wéi den Här et uerdenéiert hat, op dat Graf, virun der Kiirch, stoe goen, wou e Geeschtleche begruewe luch, deen ze soe virun honnert Joer zu Oulje Paschtouer war. Virun deem frieme Graf sin ech mir ëmmer virkomm, wéi e verluerent Schof. Jo, do hun ech ëmmer gespiirt, datt ech kee gebiirtegt Ouljer Kand wär, méng Virfuere keng Ouljer waren an datt mir, ewéi sou daks gesot gouf "bäigezu" waren. —

Nujee, ... Allerséilen nomëttes sin ech wéi déi meescht Ouljer Kanner a Leit an iser Kiirch aus an a gelaf, fir Abläss ze gewannen. — Esouvill "Vateronser" an "Ehre sei Gott dem Vater" fir d'Urgrousselteren, de Pätter an d'Ditti, fir dëse Monni an déi Tatta a fir all déi "Arme Séilen" am Fegfeier un déi kee Mënsch méi geduecht huet. O mei, owes virun der Andacht hu mir d'Strécher gezielt, déi mir op en Ziedel gemat haten — all Kéier een, wa mir bis virun d'Kiirch getratt sin! — Esou en zwanzeg, drësseg, alt véierzeg Abläss hate mir doudeescht a fromm, mat de Leit a mam Här, gebiet.

Jo, esou hun ech Allerhelljen an Allerséilen zu ménger Kannerzäit erlieft. — Wa mir deemools is léif Verstuerwen nët an den Himmel gebiet hun, da froen ech mech, wie se hautdësdaags dra biet ... ?

[Index] [Home]

05) Vum Zichelchen ënner dem Chrëschtbeemchen
an dem Kand op der Lokomotiv

Den "Hellegen Owend" war do. D'Mamm hat Kuch an Taart gebak an de Papp huet de Chrëschtbeemchen an der Stuff opgeriicht. Nom Nueteesse sollt e gerëscht gin. Duerfir war ech wibbeleg wéi Quecksëlwer an et gung mir näischt séier genuch. Wéi et lass gong, hun ech diirfen der Mamm déi schéi Bulle reechen. Dat war ménges, well wat gouf et do nët alles ze bewonneren: e Schnéimännchen, e Schaaschtechbotzert an e Kleeschen, eng Drauf an eng Aerdbier, Trompetten a Kläckelcher, Engelcher a Villercher mat seidene Flillécken. Ech si vun engem Been op dat anert gesprongen a vu lauter Muttwëll as mir, wéi et huet misse kommen, eng vun dene schéinste Bullen entwutscht an um Buedem an honnert Schiirbele geplatzt.

"Dat gläicht dir", huet de Papp gesot; mä d'Mamm hat déi Kéier nawell Versteesdëmes an huet behaapt et géifen all Joër eng oder di aner Bull gebrach gin. Ech war awer elo e bëssche getouft an hun d'Schiirbele schéi rengerlech opgekiirt. Iwwerdeems huet de Papp d'Käerzen an d'Späizmännercher opgehaangen. Elo war de Beemche fäerdeg gerëscht an 't war esou schéin an iser Stuff ...

Et huet un der Dir geklappt an d'Wagenesch Tatta an de Monni Jhäng koume mat is "Helleger Owend" feieren. De Chrëschtbeemche gouf bewonnert. De Papp huet d'Käerzen ugefaangen, d'Lut ausgemat an "Ein Kind geboren zu Bethlehem" ugestëmmt. Ech hu séier mäi Gebietbuch erbäigeholl, well doraus hate mir beim Här am Katchëssem dat Chrëschtlidd geléiert. De Monni Jhäng huet de Bouf op de Schouss geholl a mat him gepotert. D'Mamm an de Papp wossten nach vill schéi Chrëschtlidder, mä elo war et un de Späizmännercher. Wéi hir Stären duerch is Stuff geflu sin, war ech a méngem Element.

Mir Kanner goufen elo an d'Bett getesselt, well d'Mamm sot, d'Chrëschtkënnche wär schons ënnerwee ...

Ménger wärrech, wéi mir moiens opgestane sin, luchen d'Saachen aus dem Himmel ënnert isem Chrëschtbeemchen: en Zichelche fir de Bouf a fir mech e Puer Schlappe mat engem Säckelche voll gëllener Schockelasfrangen! Dat war mir eng gellech Iwerraschung.

D'Mamm huet gemengt, elo misste mir awer extra brav sin an em Chrëschtkëndche merci soen. An de Papp huet behaapt, e grénge Chrëschtdag géif e wäissen Ouschterdag gin, mä et wir awer faméis kal dobaussen. Duerfir huet hie sech drugin Äerbel voll Holz an Emere voll Kuelen an d'Kichen an an d'Stuff eranzeschlefen. Iwwerdeems huet e monter drop lass gesongen: "Puer natus est ..." Dat war säi Leifstéck op Chrëschtdag. Et huet hien u séng Bouwenzäit erënnert, wou si zu Menster ëm Hallefnuecht am Kiirchtur souzen a vun do aus déi feierlech Mëlodi an d'Chrëschtnuecht gesongen hun.

An der Houmass hun ech déi Weis direkt erëmerkannt, wéi Ziirden hir Jongen, dem Emil säin Zénon, de Fiels Jhoss, de Millesch Marcel an de Knuppen Alwiss sech dru gin hun, hiirt Meescht an hiirt Bescht, se véierstëmmeg an d'Kiirch ze sangen. An der Krëpp, déi faarweg beliicht war, huet d'Chrëschtkand nogelauschtert an d'Stad Bethlehem, déi de Schoulmeeschter Mausen op e groussen Tableau gemoolt hat, huet ise Bléck nët lassgelooss.

Wéi ech no der Mass heemkoum, huet et am ganzen Haus gehäerzt geroch no Sauerekapes a Schwéngsbrot. Um Buffet an der Stuff stung eng Schossel voll Crème mat Wollécken. Mm!

Nom Eesse gouf den Zichelchen um Stuffendësch opgeriicht. De Bridderche war ausser sech vu Freed, wéi d'Lokomotiv mat e puer Waggoën iwwert d'Schinnen duurch d'Scheif an d'Gare gerullt as. Si gouf ëmmer erëm opgezunn an huet op en Neis hir Ronne gedréit. D'Schaukelpäerd an d'Dräirad stunge verloossen am Eck, well haut gong jo näischt iwwer den Zichelchen.


Zeechnong: Paula Antunes

Mech konnt dat Spillchen nët begeeschteren. Wat war dat da schons. Laanscht is Dir sin dach déi richteg Zich gerullt. Lokomotiven, denen hir grousseg Rieder hellewech iwwer d'Schinne gedosch sin an déi schwaarzen Damp aus hirem Schaaschtech gespaut hun. Waggoën, déi voll Kuele geluede waren a vu wäit hier koumen: drësseg, véierzeg a bis an déi fofzeg schwéier Kaliber, vun enger eenzeger Maschin gezunn. Un hinnen hun ech mech ziele geléiert a wéi ech liese konnt, hat ech méng gellech Freed z'entzifferen, wat drop geschriwwe stung. Déi meescht hun der "Deutschen Reichsbahn" gehéiert a sin op Essen, Hannover, Darmstadt, Duisburg, Breslau a Regensburg gerullt. D'Schnellzich vun der "SNCF" koume vu Metz, Reims a Paräis a si via Tréier op Koublenz gefuer. Heiansdo wir ech esou gäre matgereest op all déi schéi Plazen an der grousser Welt ... — Wéi dacks hun ech um "Tréierwee" Course gemat mat engem Kokzuch, deen ze vill Waggoën unhänken hat a lues aus dem "Saulach" erop getëft koum. De Maschinist an den Heizer hu mir da "bis, bis laach et aus" gemat, well zu gudder Lescht hu si dach d'Course gewonnen an ech hat d'Zong op de Knéien hänken. D'Jonge kruten dann en décke Kuss geschéckt an Äddi gewénkt. Vill vun hinnen hu gewosst, datt ech dem Jacques säi Klengt wär. Si ware gutt Kollege vum Papp, aus sénger Rangéierdéngschtzäit zu Betebuerg. Duerfir hu si dacks hir Lokomotiv vu wäitem päife gedon an hun is dann déckeg Bätz Kuele vun der Maschin erofgejhummt. — Natiirlech, sou Tricke ware verbueden, mä mai Gott! — Mir hun dem Ierpeldéngs Vic, dem Ackermanns Hari, a wéi se all geheescht hun, merci gewénkt an hun is mat hinne gefreet ... Sou bal wéi den Zuch laanscht war, hu mir d'Kierf erwëscht an hun déi honnerte Stécker Kuelen, déi uechter d'Gleiser, an de Pad a bis an de Gruef gefluge waren, opgeraaft. Et goufen natiirlech schwaarz Patten, mä dogéint gouf et Seef. Op déi Manéier huet et is u Brännes vun der Lokomotiv, esou virum Krich, nët gefeelt. An déi Kuelen hun is gosse Kachmaschin glouse gedon an d'Gardehaische gehëtzt bis op d'Kummeren erop. De Papp hat zwar séng bor Méi mat denen ondugenen Äschen, mä duerfir gouf et e laange Feierkrop, eng gutt Schëpp, e groussen Emer an en décke Schlakentipp, déisäit bei der Gargull. Ëm déi Kueleglous souze mir an is Nopeschkomerode méi wéi eng Kéier, géint der Owend, hu mat Bengelen dragestëppelt, datt Quonken ewechgefuer sin, Gromperen dra gebroden an is un deem Faarwespill gefreet. Et war eng onschëlleg Freed, mä deër goufen et der masseg bei is op der Barriär. Un Ofwiesselung huet et is ni gefeelt. Wéi interessant war et, zum Beispill, wann d'Rott bei is schaffe koum.

An aller Herrgottsfréi a bäi all Wieder koumen d'Bunnerten zu Fouss oder mat de Rieder an hire lieder Eisebunnsposche vun no a wäit erbäi: den Eischens Pitti vu Beyren, de Kons an de Grég, den Houdremonts Nik an de Baach Jhäng vu Menster, de Wäiss Jhemp an den Nukkes vu Rued, de Greis vu Bierg. den Thills Mischi vu Betzder, de Stors vun Haastert an de Scharels Jhemp vun doheem. Dat war dem Papp séng Equipe, déi déi Zäit mateneen duurch déck an dënn gaangen as.

Et sin elo jhust fofzeg Joer, 1937, du war groussen Ëmbau op der Streck vu Rued op Wecker. Wat war dat eng Entreprise! D'Rottë vu Wecker a Waasserbëlleg ware mat am Asaz. Nei Schinnen an nei Schwelle goufen agebaut. D'Zich sin nëmmen eegleiseg a ganz lues op an of gefuer. Iwwerall stungen d'Signaler op rout. Wéi se zu Ouljen amgaang waren, gouf d'Strooss gespaart an de Verkéier ëmgeleet. D'Lorië stungen op de Gleiser mat Schwellen, Bouloën a Pulliën. D'Schlake goufe mat Pioschen erausgeklappt, "Ho, ho, ruck, ruck" huet eng ganz Equipe am Takt gejaut, mateneen d'Briecheisen an d'Zaangen ugerappt an d'Schinen hin an hier geréckelt. De Crelo vu Betzer stung do nozekucken.

De Papp huet sech mat der Setzwo op d'Schinne geluegt, Notizen a säin Heft geschriwwen a mat gieler Kräid allerlee Zeechen op Schwellen a Schinne gemoolt. En extrae Bauzuch, dee stonnelaang op an of gefuer as, huet déi nei Schinnen erbäibruecht. Et war déi rengste Muerks fir s'ofzelueden.

Op der Lokomotiv vum Bauzuch war de Luxe Pir, e gudde Frënn vum Papp, Maschinist. Hien hat e routkaréiert Schnappech ëm den Hals an e schwaarze Joppen un. Säin Heizer huet ausgesinn wéi e Schaaschtechbotzert. De Papp koum si mat der Branntewäinsfläsch besichen, dat heescht, hien as bei si op d'Lokomotiv geklommen an huet hinnen eng gutt Drëpp erausgeschott. Déi dräi ware fir en Ament gudder Déng op der Maschin.


Zeechnong: Laurinda Coelho

Ech stung mat der Nues vir bei, wéi de Papp vun der Lokomotiv, ze soen, erofgesprongen as. Hien huet de Luxe Pir geruff, mech an d'Lut gehuewen a wupsdeg mech an d' "G 12" erageschuppst. O mei, elo stung ech do ... hu Mond an Aen opgerass! Ech krut et mat der Angscht ze dongen bei all dene ville Kofferknäppercher, dene groussen a klengen Aueren an all deem Gejhirimiris. Déi zwéin op der Maschin hu sech eng Boss voll mat mir gelaacht. Änzock huet de Luxe Pir eng Dir opgerappt an ... ech stung virun engem barbaresche Feier. — De Schreck as a mech gefuer, ma den Heizer huet mech ferm ugehalen. Ech hun an dausend Flamen a Flämmercher gesinn, déi iwwer déi roudgliddeg Kuele gedanzt sin a mir d'Ae verblennt hun. Eng terribel Glous as mir an d'Gesiicht geschloen an ech si bal erstéckt vu Gasgestank. O, Mammelikanner, dat war jo e Feier wéi an der Häll! — Éier ech mech ëmsinn hat, huet den Heizer eng Klapp opgezunn a flang koum wäissen Damp erausgestrutzt, dee gepaff a gedauscht huet, datt engem d'Häerz an d'Schong gefall as. Iwwerdeems as de Feierwon ugefuer. De Luxe Pir huet mech an d'Lut gehuewen, fir datt ech konnt zur Fënsterchen erausgesinn an der Mamm Äddi wénken. Déi stung do d'Hänn um Kapp zesummenzeschloen. — De Crelo koum aus der Eisebunnsbud an huet dem Papp an denen zwéin op der Maschin e Fanger gemat. — De Bauzuch as op Rued zou, bis bei d'Syrbréck gefuer. Ech koum elo erëm zou mir an hu mech terribel iwwer méng apaart Rees gefreet. D'Kiirch, d'Haiser, d'Syr, d'Schléis an d'Mille si wéi laanscht mech gefuer. Ech hu mech vu Freed nët méi gespiert. Wann dach nëmmen ee Kënnege mech giff op der Lokomotiv gesinn,.. an een aus ménger Klass: de Leesch Jhosi oder de Päiffesch Emil! Zum Gléck huet a Knuppen hirem Gaart d'Joffer Lucie mech erbléckst. A bei isem Haus stung Scharels Julie. Deem sin d'Ae bal iwwergaangen, wéi et mech op der Lokomotiv gesinn huet. — Den Zuch blouf elo halen. Mat sénge schwaarze Patten as den Heizer mir duurch d'Gesiicht gefuer, éier hie mech méngem Papp erofgereecht huet. Ech hu geglënnert vu Gléckséilegkeet an all déi ronderëm mech hu sech gerullt vu Laachen. D'Mamm huet och lëschteg gelaacht, mech mat bei de Waasserstee geholl an duerno mir en anert Schiirtech ugedoen ...

Wéi ech daagsdrop am Schoulhaff mäin Erliefnes erzielt hun, gouf ech ausgelaacht. A méng Komeroden hun, wéi esou dacks, vun hire ville Kéi an hire schéine Päerd geschwat ... — Jo, sou war dat a ménger Kannerzäit um Bauerenduerf an op der Barriär!

[Index] [Home]

06) Groussherzoginsgebuurtsdag mam Fakelzuch

Doheem war elo dach decidéiert gin, datt ech diirft mam Papp an d'Stad fueren, de Fakelzuch kucken. D'Mamm war vun deër Iddi nët ganz ageholl, well si fond huet, et wir ze kal an et géif ze spéit fir mech gin. Mä de Papp huet d'Affär op d'liicht Schëller geholl a gemengt, dat wir nët esou schlëmm, ech misst jhust mech gutt waarm undon. Ech war och deër Menong.

Et war däischter wéi mir géint halwer siwen op deen extraën Zuch no Rued gaange sin. De Schnéi huet ënnert ise Schong gegrätscht an et war brimzeg kal.

Millesch hiren Hond huet ferm gebillt wéi mir laanscht gaange sin. Duerno as Knäppjes hiren aus dem Stréi, ënnert dem Schapp, erausgesprongen an huet nët manner Kaméidi geschloen. Doropshi koum de Jhemp aus séngem Päerdsstall erausgebëselt ... Hien huet is an der Däischtert erkannt a gefrot, wouhin d'Rees da géif higoen. — "An d'Stad, op de Fakelzuch" huet mäi Papp him verroden. "Da muss een awer scho Gréngs glëschten", huet de Jhemp gemengt a gelaacht wéi en Halwerweis. Ech war doriwwer ganz verwonnert an hätt gäre gewosst, wat de Jhemp domat gemengt huet. De Papp war kuurz gebonnen an huet behaapt, et wir nëmmen eng domm Ried gewiescht. Aha, jo, esou blöd Saache seet de Jhemp dacks zu mir wann ech mat der Mëllech aus Giwesch kommen! Da behaapt hien, ech hätt erëm Branntwäin an der Kan ...

Nujee, lo ware mir schons iwwer d'Bréck, laanscht de Wäschbur an d'Schoul, wou alles däischter war. Aus Huemes huet déck Wiirtshausgebraddels an der Gaass geschaalt a bei Päifesch hun d'Schwäin am Stall gegrunscht. d' "Haart" erof koumen den Eengels Jhoss, de Scharels Téid an de Päifesch Jhull um Schlitt laanscht is gejhauft. Dem Cëcill säin Norbert as um Bauch op sénger niddreger Briederkëscht ewéi e Fail laanscht is geflunn: de Papp an ech hu bal missten an de Gruef sprangen. Bäim Schneider Sisi huet et gutt no gebroden Träipen gericht. Wéi mir Ouljen hannert is haten an op d'Kopp koumen, huet e kale Wand mir an d'Gesiicht geblosen. De Papp huet mäi Schal fest ëm méng Kapuz gestréckt. Ech hu mäi Wiselche mam Schwanz no hanne gedréit a Mond an Nues hannert deem pelzen Déierche verstoppt. Méng Hänn an de Moulen hun ech déif an d'Mantelsärem eragestreckt an hu méch géint d'Keelt zesummegekraupt. Wéi ech de Papp allerlee iwwer de Fakelzuch ausfroe wollt, huet hie gemengt, ech sollt de Mond halen, soss kënnt ech den Hals wéi kréien. Dat huet mir ageliicht an ech hu gläich paréiert. Ech war beflass mam Papp Schratt ze halen, hun awer missten oppassen, net auszerëtschen op deem haart gefruerene Schnéi.

Mir ware mudderséileneleng ënnerwee. D'Stäre stungen um kloren Himmel, de Mound huet is op dem Wee geliicht an ech hu gemengt, de Männche mat sénger Fäsch um Bockel géif mat is virugoen.

Beim "Spatzenhaff" as en Hues is iwwert de Wee, op d'Bunn erof, gelaf. — No enger décker halwer Stonn si mir bei denen éischten Haiser zu Rued ukomm. D'Joffer Useldéng war nach net schlofen a Glaudens haten och nach Lut. Am Bowéingsbierg war et elle glat, well do as de Binas Fons mat sénger Equipe um Schlitt gerannt. E Gléck, datt se virun der Gare masseg Kuelenäsche gestreet haten, soss hätte vill Leit do d'Rad geschlon.

D'Gare war hell beliicht a mat Fändele gerëscht. Vill Leit stunge virum Guichet e Billjee ze kafen: si sin natiirlech all de Fakelzuch kucke gefuer. De Papp as gläich mat mir an dee gutt waarme Wartesall gaangen, dee struppvoll Leit souz. No enger Weil as d'Dir opgespaart gin. De Weidert Misch huet d'Billjeë geknipst an d'Leit eraus op de Quai gelooss.

Vun Ouljen, aus der "Laach" erop, koum dee schéi beliichten Zuch erbäigeschlach an endlech elo an d'Rueder Gare eragedosch. D'Lokomotiv war mat rout-wäiss-bloe Fändelcher gerëscht. D'Leit sin op d'Voiturë lassgestiirmt, hun d'Diren opgerass a sech geflass, fir anzeklammen. De Papp war kriddeleg an as bis uewen aus an déi éischt Voiture, hannert der Lokomotiv, mat mir gerannt. Do hate mir e Kompartiment fir is. Mir ware knaps dobanne wéi d'Lokomotiv ugerappt huet an ech ruppsdeg op déi haart hëlze Bänk getrollt sin. — Et war nët ze waarm am Zuch an d'Fënstere waren zougefruer. Ech hu mir e Kucklach dra gehaucht an eraus an d'Däischtert geluusst. Un de Lantere vun der Barriär hun ech gemierkt, datt mir zou Menster schons laanscht d'Gardehaische gerullt sin. Ech hu missten un de Pätter an d'Ditti denken, déi elo waarschéngerlech schons am Bett luchen. Zou Minsbech si Leit bei is erageklommen, déi de Papp mat "Jacques" ugeriet a sech mat him ënnerhalen hu bis an d'Stad. Wéi mir do ausgeklomme sin, war alles schwaarz voll Leit. Ech hu méngem Papp eng Hand gin a mir sin am Gewulls mat zur Gare erausgedriwwe gin.

Ech hu grouss Aë gemat wéi ech déi schéi beliichte Stroossen an all dee Betrieb gesinn hun. Iwwerall hunge Fändelen, Girlanden a Stären. Esouguer d'Tramme ware mat rout-wäiss-bloe Fändelcher dekoréiert. Si waren iwwerfëllt mat Leit, duerfir si mir ze Fouss gaangen. Ech hat näischt dergéint, du konnt ech déi hell beliichte Geschäftsfënstere besser bewonneren. Do hun déi schéinste Saachen dra geblénkt a geglënnert an iwwerall war de Portri vun der Groussherzogin ausgestallt a mat Blumme gerëscht. Et war meeschtens dat selwecht Bild wéi dat an iser Schoul: déi léif Fra mat deem schéine ronne Pelz an engem Diadem op dem Kapp. "Wat as dat dann eegentlech eng Groussherzogin?" frot ech de Papp. — "Si as is Kinnigin" krut ech geäntwert. "A sou!" — Ech hu mech doriwwer gewonnert, konnt awer nët richteg verstoen, wat dat mam Fackelzuch ze dongen hätt. Duerfir hun ech viru gefrot. De Papp huet mir du explizéiert, datt d'Lëtzebuerger frou mat der Groussherzogin Charlotte wären an dowéint géife si hire Gebuurtsdag mat engem schéine Fakelzuch feieren. Aha, dat war et: elo hat ech bekäppt! — De Papp blouf mat mir virun enger Fenster stoen, wou vill Fotoë vun der Groussherzogin an hire Kanner ausgestallt waren. "Dat sin is Prënzekanner", sot de Papp, "déi gesäis du och nach haut den Owend". — "As dat wouer?" frot ech ganz verwonnert.

Mir koumen iwwert eng grouss Bréck. Vun do aus huet de Papp mir d' "Nei Bréck" gewisen, déi wonnerschéi beliicht war an och den Tur vun der Spuerkeess, wou, wéi de Papp sot, d'Suë vu méngem Spuerbuch stoe géifen: — Wéi war dat do dann erëm ze verstoen? Ech koum nët no. Wiirklech, deen Owend huet mir Muenches an deër grousser Stad gedréit!— Mir koumen elo laanscht d'Kasären, virun deër en Zaldot op der Wuecht stong a wou et bannenan héich hiergaangen as. De Papp sot mir, dat wiren is Zaldote vun der "Fräiwëllege Kompanie" an do wiren och zwéin Ouljer derbäi, den Néckels Misch an de Pitze Pol. — Jo, déi hat ech schons zu Oulje gesinn, déi flott Borschten, an hirer schéiner Uniform. Kuck do! —

Mir sin elo duurch schmuel an zimlech däischter Gässelen an iwwer déi Plaz mam Mann um Päerd getrëppelt. De Papp huet mir de Palais gewisen, wou d'Groussherzogin géif op de Balkon kommen. Duerfir stung do schons alles voll Leit. Ech wier am léifsten och do stoe bliwen, mä de Papp as viru gaangen, laanscht déi prächteg Fënstere vum Sternberg, erop bis op de "Roude Pëtz". Do war och eng Hällewull vu Leit. Beim "Jenny Grünstein" as de Papp stoe bliwen an huet behaapt, do geséich een de Fakelzuch am beschten. Wéi all déi vill Leit hu mir elo gedëlleg gewaart. Mä d'Zäit gouf mir laang ... Ech krut d'Féiss kal an hu mech geschuddert vu Keelt. Du as de Papp mat mir an déi Wiirtschaft niewent dem Här Knaf gaangen an huet mir eng Tas waarme Kakao a sech e Pättche Wäi bestallt. D'Wiirtshaus "Um Roude Pëtz" war struppvoll Leit an et war gutt waarm dobannen. D'Schockelasmëllech huet mir absëns geschmaacht a mech opgewiirmt. Op eemol si Leit opgesprongen an hu geruff: "De Fakelzuch as do". Am Ament waren déi meescht dobaussen. De Papp huet gemengt, mir hätten nach Zäit, fir auszedrénken. Am Nu war méng Tas eidel. Ech hun de Papp um Aarm gezunn an him keng Rou gelooss bis mir erëm um Trottoir stungen.

Wat konnt ech du nët alles bewonneren! Eng flott Musek huet schmasseg duurch d'Strooss gespillt. Hannert hir koum e Regiment Zaldoten, déi eng mat Fakelen, déi aner mat Flënten. Gendaarmen a Poliziste waren a Gala. Schons koum erëm eng Musek an hannendrun eng Mass vu Bouwe mat brede brongen Hitt a Medercher mat bloen Uniformen. Si hun all kräfteg gesongen an hir Fakele lëschteg geschwenkt an dee gehäerzte Fakelsgeroch as mat hinnen duurch d'Stroosse gezunn. Eng Trupp Reider hun op schéi gerëschte Paerd getrount. Harmonika gouf gespillt a flott Medercher hu mat jonke Borschten an der Strooss gedanzt. Vill Leit um Trottoir hu mat gesongen an an d'Hänn geklappt.

Elo ware léif Muppen, déi schéi beliichte Wenercher gezunn hun, mat derbei. Duerno koume Fëscher, déi elektresch, faarweg Fësch un hiren Aangelen hänken haten. Jeër souzen op engem Won ze soe wéi am Bësch an d'Gäertner haten dee schéinste Blummewon. Wéi d'Rollefaxe vun der Hari Fonken- a Mousels Brauerei mat hire prächtege Ween voll Béierfässer gefuer koumen, hun d'Leit hinnen zougeruff an allerlee Spaass gemat. Op eemol as et "oooo" an "aaa" duurch d'Mënschewull gaangen. Elo koum d'Glanzstéck vum Fakelzuch: den Tram, deen esou herrlech gerëscht a beliicht war, datt ee gemengt huet e kéim aus dem Wonnerland. All Leit hu begeeschtert an d'Hänn geklappt. Mir as de Verstand bal stoe bliwwen ...

Elo war de Fakelzuch eriwwer. Et gouf e fiirchterlecht Gewulls. De Papp huet mech fest mat der Hand geholl. Mir goufe mat viru gedréckt ... bis bei de Palais. Do hun d'Leit "Vive, vive, vive!" geruff a mat Hänn a Fändele gewénkt. Ech gouf bal erdréckt a konnt nët gesinn, wat lass wär. Du huet de Papp mech op den Aarm geholl. Oh, do war jo d'Groussherzogin op dem Balko! Si hat e schéine groussen Hutt op an huet wiirklech ausgesi wéi eng Kinnigin. — Si huet de Leit frëndlech gelaacht a gewénkt. Hire Mann an d'Prënzekanner stungen nieft hir an hun och gewénkt. "Vive, vive!" hun d'Leit viru geruff. Ech hu Mond an Aën opgerass a war ausser mir vu Freed ... — De Papp huet gelaacht.

Op eemol sot de Papp et wir héich Zäit, fir op den Zuch ze goen. Mir hun is duurch dat Mier vu Leit gequëtscht an is op de Wee gemat. Elo huet d'Weis vum "Feierwon" duurch d'Stroosse geschaalt. An ech hun op eemol gespiirt, datt ech den Neelchen an de Féiss hat a bal net méi viru koum. Hei, du


Zeechnong: Silvio Marques

koum en Tram ëm den Eck. De Papp huet mech mat der Hand gezunn a mir sin him nogerannt. Mir hate Chance an hun nach eng Plaz baussendrop erwëscht, wou et gutt geblosen buet. An der Gare war erëm e schéint Gewulls. Am Zuch krut ech nach eng Plaz bei der Fënster. Et war gutt waarm am Coupé a méng Féiss si lues a lues entdeet. Ech war elo doudmidd, mä hun awer nach de Beem am Bësch nogekuckt, wéi si mam Zuch virugejhauft sin.

Zu Rued sin nach vill Ouljer aus dem Zuch geklommen. Wou waren déi dann an der Stad? Mir hate kee vun hinne begéngt a gesinn. Nujee, d'Stad as jo och keen Duerf! Elo hate mir erëm e gutt Stéck Wee ze trappen. Dee laangen Ziirde Jhosi, den Huese Leo, den Heenzen André, de Gréiwe Rën a Scharels Finn si virop lassmarschéiert. De Papp an ech si mam Feessen, dem Bärtëssen Néckel, dem Hilgesch Papp a Wilgés Nickela méi gemittërlëch op heem zou gaangen. Wéi mir do ukoumen, sin ech een Zock bei d'Mamm an d'Kummer gerannt an hun hir erzielt vun deem wonnerschéine Fakelzuch a vun der Groussherzogin. Duerno sin ech gléckséileg a mäi gutt waarmt Bett gekroch an dat d'Mamm eng Bull ënnen an uewe geluegt hat. Ganz gewëss hun ech déi Nuecht vun dene ville Fakelen an deem schéinen Tram gedreemt.

Den aneren Dag war keng Schoul. Du war de richtege Feierdag do. Mir si mat der Musek an d'Kiirch gaangen. Do hungen och rout-wäiss-blo Fändelen an alles war feierlech gerëscht. Den Här huet eng laang Priedegt iwwert Politik gehalen. Ech krut den Neelchen erem an d'Féiss. Mä dat war vergiess, wéi den Ziirden Albert den "Domine Salvam fac" groussarteg virgesongen huet. A wéi beim "Te Deum" d'Klacke feierlech gelaut hun an d'Massendénger ësou haart mat de Schelle gerëselt hun, datt een d'Sänger um Duxall bal nët méi sangen héieren huet, du hun ech fond, datt et op dësem Dag och flott an iser Kiirch war.

Duerno sin d'Duerfleit all mat der Musek bei de Veräinsbau gaangen. De Buurg Jhampir, de Scheffe vun Ouljen, hat eng rout-wäiss-blo Schärp ëm sech hänken an huet eng Ried gehalen iwwert is Groussberzogin Charlotte. D'Leit hun op eemol gelaacht a "Vive, vive, vive!" geruff an duerno doudeescht d' "Hemecht" gesongen. Dat war och eng häerzlech Feierlechkeet op méngem klengen Duerf.

A vun Nomëttes u war flott Danzmusek an Huemes. Mir Kanner hu bei der Fënster geluusst a gesinn, wéi déi jonk Borschten déi schéi Medercher iwwert dem Danze léifgedréckt hun ... an dat och op dem dräianzwanzegste Januar 1938.

[Index] [Home]

07) Wann d 'Duerf am Wanterschlof luch

Et war esou ëm Liichtmëss. D'Deg si schons e gehéieregen Hunnekreesch méi laang gin, ma d'Nuechte waren nach brimseg kal. Duerfir huet de Schnéi sech extra gutt gehalen, obschongs e matzen am Duerf elle knaschteg war. D'Stroosse ware knubbeleg veräist, a kee Mensch huet sech, nët ëmsoss, aus dem Haus lackele gelooss. Nëmmen d'Kanner, mir hun nët gezéckt, sin dorëmmer geschlierzt a mam Schlitt an d'Schoul gefuer, well an der Paus si mir d'Bréck erofgejhitzt. A wann de Schoulmeeschter eng extra gutt Staut hat, dann hu mir diirfen de ganzen Nomëtteg an der Haardt mam Schlitt fueren. Dat war eng Freed sonnergläichen, wa mir allen drësseg matenee lassgefuer sin. Mir hu Kreesch gedon, datt et duurch d'ganz Duerf geschaalt huet. — Déi grouss Bouwe waren ëmmer déi éischt hannert Néckels, uewen op der Kopp, wou een de Syrdall op an of, iwwer Rued a Menster, eraus an d'Welt gesinn huet. Vun do aus koum de Schlitt gläich an de richtege Schwonk. Wéi de Wand si mir laanscht de Schneider a Waals gejhauft, bäi Päifesch an d'Kéier, a virun oder op Schneidesch hirer Mëschtekaul un d'Hale komm. Ënnerwee as och alt emol een oder deen anere Schlitt am Gruef gelant oder krut Huemes hir Kelebunn ze paken. Mä, dat war nët esou schlëmm, sou laang wéi keen Hals a Bee gebrach hat ... — Bäim Veräinsbau, um Eck, stung de Schoulmeeschter, emol vun Zäit zu Zäit, op d'Autoen opzepassen. Dat war awer bal nët néideg, well et war soss keen ënnerwee wéi de Postauto an de Salli vu Rued. Ise Bréifdréier, den Har May, hat och schons séng Turni um Wëlo erduerch a weider war keng lieweg Séil dorëmmer ze gesinn. D'Päerd stungen an de Ställ, d'Teimeren ënnert de Schäpp an d'Bauere luchen op der Mëttesrascht.

Jo, an dëser leiereger Wanterzäit, wou keng extra Aarbecht presséiert huet, gouf sech de Gudden ugedon. D'Schanken hu missten zur Rou kommen, bei Dësch gouf gutt gebauft an duerno gouf sech getässelt: an d'Fotell beim Kolonnenuewen, op d'Eechebänk hannert dem Dësch oder op e puer Still éierens an engem Eck. Wie keng Plaz méi an deër gudder waarmer Stuff fond huet, as am Heeknapp op der Scheier verschwonnen.

Soubal d'Fraleit mat der Spull fäerdeg waren, hu si och alt e klengen Tëmpche gehalen, esou bäim Dësch, de Kapp op déi gekräizten Ielbéi gestäipt. Et war ëmmer nëmme fir eng Weilchen, well is Mammen, Tattaën a Medercher haten dach nach allerlee aner Saachen ze dongen. Mä virun allem war et elo un der Zäit, wou gelies gouf. Et war eppes wéi eng Kränkt: een huet deen aneren ugestach. An Ziirde goufen awer all Rekorde geschloen. Do waren de Gottfried Keller, de Peter Rosegger, de Wilhelm Raabe, de Ganghofer an de Karl May stänneg op der Tapéit. D'Tatta Therese konnt stonnelaang vun denen hire Wierker erzielen. Si war déi bescht Lieskëscht an der Porbibliothéik. Do huet Giwesch Anny, an dem Här séngem Sall, sonndes nomëttes, no der Vesper, Bicher ausgeléint. Ziirden Emma an Anna, Schneidesch Maria an Addell, Fiels Alice a Schouttesch Maria, Knäppjes Lisa a Wildges Ernestine ware Stackkonnen. Huet ee si mat hire Bicher ënner dem Aarm um Wee fir an d'Vesper begéint, da konnt ee verlauschteren, wéi si fir de "Ben Hur" an de "Graf von Monte Cristo" geschwäärmt hun. Eengel Catherine huet op d' "Broschüre vom Hausschatz" geschwuer, an dem Emil säin Augustine hat sech ëmmer mam "Alexa, das Drama von Monteron".

A muenechen Haiser as och regelméisseg de Roman aus der Zeidong erausgeschnidde gin. Si goufe gesammelt, iwwer d'Joren eraus, ausgetosch a fir zweet oder fir drëtt gelies an hun nawell näischt u Spannung verluer. — Op der Mille luch den Takeschaf voll deër dënner Romanhefter, op déi d'Giedel abonnéiert war. Wie sech gutt mat hir verstanen huet, krut se geléint an eventuell och d' "happy end" am viraus verroden. D'Giedel huet da geschmunzelt, well elo huet d'Buch nët brauche vun hanne gelies ze gin. Egal wéi, esou schmanteg


Zeechnong: Laurinda Coelho

Liebesgeschichte sin dacks heemlech an der Kummer oder soss hannerwands gelies gin an hu méi wéi engem Meedchen de Kapp verdréit, besonnesch an deer laangweileger Spiirkelzäit. Duerfir huet muenech Mamm oder Tatta hinnen d'Lewitte gelies.

Gewëss, d'Aarbecht huet nët diirfe leie bleiwen. Déi meeschte Medercher wossten sech domat anzeriichten. Iwwer dem Liese gouf gestréckt a gefléckt: Maansleitshuesen a Fraleitsstrëmp, Pulloveren a Jacquetten, Moulen an Ourekapen. Sou goufen zwou Mécke mat engem Schlag geschloen a fir den Hausfridde war an engems gesuergt.

D'Medercher, déi am Rang waren, fir bestued ze gin, hun an de laange Wanterméint un hirem Trousseau geschafft. Ganz Rulloën hausmaacher Léngent koumen an denen décke Baurenhaiser aus de Schief zum Virschäin a goufe verschafft. A Knuppen huet d'Joffer Lucie de Medercher absëns schéin Initialen op hir Läilécher, Kappzichen, Dëscheldicher an Zerwéiten opgezeechent. Duerno goufe Fiedem gezunn, e Meetjee opgespannt an déi schéinste Jourë mat dene komplizéierste Fassonge festonnéiert. Ganz Nomëtteger si mat Brodéieren a Stéckereien dropgaangen. Owes nom Eesse gung et virun, bäi Känkisgeliichts, dacks bis spéit an d'Nuecht eran. Jo, dat huet misste sin, well e schéinen Trousseau huet onbedéngt zur Aussteier vun engem dichtege Meedche gehéiert. Wann déi zoukënfteg Schwéiermamm sech d'Geleënheet ukucke komm as, sin d'Schief opgemat gin an déi Dosende brodéiert Läilécher a Kappziche waren de beschte Bewäis fir déi Wissbei vu Meedchen.

Dat war jo alles schéin a gutt, mä an dene meeschte Stéit hun nach aner Aarbechte méi presséiert an deër gemittlecher Wanterzäit. D'Gezei huet misse revidéiert gin. Ganz Maandele voll Klamotten hun op d'Fléck gewaart. D'Kanner hate villes verwuess an hu missen nei gekleet gin.

Duerfir war d'Joffer Useldéng elo uechter d'Duerf um Tour. Si hat deër Haiser vill, wou si eng, zwou Woche bitze gaangen as. Schons laang viraus ware mir bei hir ugemellt. Wéi ofgemat, koum si du ugaangs Februar bei is an d'Haus. Et war dat zur gudder Zäit, wou frësch geschluecht gi war, wou Schossele voll Pati a Jhelli an der Spëndche stungen an d'Fleeschbidden nach voll Gesolpertes luch.

Moies, géint aacht Auer koum d'Joffer Useldéng zu Fouss ugereest. D'Mamm hat hir de Kaffisdësch schéi gedeckt. Si krut extra gudde Bounekaffi gemat. frësche Botter, eng Zalättche Kachkéis a Pati opgedëscht an eng Zerwéit nieft


Zeechnong: Paula Antunes

den Tellerche geluegt. An der Stuff war et schuckeleg waarm. D'Mamm hat d'Ridong op d'Säit geholl an d'Bitzmaschin bei d'Fënster geréckelt. De Kulissendësch war grouss erausgezunn, mat engem Tolziri ofgedeckt an enger Hällewull vun neiem Fitténgs- an Zephirstoft beläert. Wéi ech géint Mëtteg aus der Schoul koum, hat d'Joffer Useldéng der Mamm schons bal zwee nei Schiirtecher gebitzt. Si war elo amgaang Hiemer fir de Papp ze man. Si hat de Stoft um Dësch ausgebreet an huet mat enger grousser Schéier d'Ärem an de Koll, no engem Pabeierpatron, ritsch, ratsch, erausgeschnidden.

Et war elo Zäit fir d'Mëttegiessen, an is Néidesch huet sech mat un den Dësch gesat. Si huet sech et gutt schmaache gelooss a war ganz gespréicheg. Mir goufen allerlee Neis vu Rued an aus der ganzer Géigend gewuer. Nom Eessen huet d'Joffer op eng gutt Tas Bounekaffi gehalen. Si sot vu sech selwer, si wär eng Kaffistut. Duerfir huet d'Mamm am Nomëtteg gesuergt, datt si vun Zäit zu Zäit hir Ties-che Kaffi kritt huet. Dann huet si d'Bitzmaschin erëm méi séier schnurre gedon an et war eng Freed hir nozekucken, wéi geschéckerlech si de Stoft unenee gebitzt huet.

Eng Auer fënnef huet si Feierowend gemat. De Kaffisdësch war prett. Si huet d'Stuff fein opgeraumt an du mat is ze Nuecht geess. Duerno huet si hir Iwwerschong ugedon, sech an de Mantel mam Pelzkoll agebokelt, den Hittchen opgesat, d'Posch ënnert den Aarm gestach a sech op de Wee gemaach, zu Fouss, op Rued, iwwer déi verschneite Strooss an duerch d'Däischtert ...

Deen anere Muerge war si ganz exakt schons erëm um Dill. Dem Papp séng Hiemer goufe fäerdeg gebitzt. Wéi ech mëttes heem koum, war den Tour u mir. Ech krut d'Mooss geholl. D'Joffer Useldéng huet du behaapt, de Stoft fir zwee Schiirtecher, dee mir kiirzlech bei de Knuppe Jofferen, isen Nopeschen, kaaft haten, géif knaps duergoen, well ech e gudde Schotz an d'Lut gaange wär. Duerfir huet is Bitzesch sech de Kapp missen zerbreechen, huet de Stoft hin an hir gedréit, mat dem Zentimeter gerechent a fir sech haart gegrommelt a raisonnéiert. Elo huet een d'Useldéngesch nët diirfe stéieren, soss as si ganz knaddereg gin. Et war ze verstoen, datt et fir si nët ëmmer einfach war, mat den Enner zesummen ze kommen a schons guer nët, wann s' aus ale Klamotten neier huet misse fabrizéieren. Meeschtens huet si dat awer ronn kritt. Da war si ganz frou an huet iwwer dem Bitzen esouguer gesongen: "Ave, ave, Mari-i-a", sou wéi zu Lourdes, wouhi si schons e puer Mol mam Pilgerzuch gefuer war. Si war Feier a Flam, wa si vun de Wonner verzielt huet. A mir hu gespaant nogelauschtert ... D'Joffer Useldéng konnt och Wonner wierken, wa si aus engem Rack, dee mir ze kleng gi war, erëm en neie gebastelt huet. Donneschdes nomëttes war dat esou wäit. Et war alles fir mech an der Umooss. Duerfir hun ech missten zu hirer Dispositioun sin. Dat war fir mech eng Schmo: ausdongen, umoossen, undongen a geschwënn duerno erëm ausdongen, umoossen anesouweider. An deër éischter Umooss stung ech do wéi an engem Sak, an ech hun eng elle geschnidden. Déi zwete Kéier gung et schons besser, déi drëtte Kéier war alles an der Rei. Mä dann huet d'Joffer Useldéng ugefaangen un engem ze moschteren. E Spëtzekolli, blénkeg Knäpp, e Jabo oder e flotte Putsch goufen ugebutt. Nach eng Kéier hun ech missten umoossen. De Rack war elo prima geroden. Ech war bal esou schéin ewéi déi am Moudejournal, an d'Joffer Useldéng war houfreg ...

Is Néidesch hat nach fir e puer Deg hir Hänn voll ze dongen. D'Mamm krut och allerlee rangéiert. De Bouf huet nei Béxelcher a Schiirtecher gebitzt kritt. Dem Papp séng Paltongen a Jhillië goufe gefléckt, d'Boxentäsche kruten neit Fudderduch, op déi zerrasse Knéien an Ielbéi goufen nei Stécker, de Sträifen no agesat an zu gudderlescht krut de Papp nach e gehéiereg Puer Moule fabrizéiert. Duerno goufen d'Läilécher revidéiert a well mir dëst Jor Kommunioun haten, gouf d'ganzt Haus nei geridot. Dat alles war nach eng Affär vun zwéin Deg. D'Joffer Useldéng krut bal d'Midderchen, mä si huet duergehalen.

Um Enn vun der Woch hat si de Programm, deen d'Mamm hir opgin hat, erledegt. Si huet eng Rechnong geschriwwen a krut gläich hir Suën. D'Mamm huet hir nach eng Träip an eng hausgemate schwaarz Kréischelsdrëpp agepaakt. Elo war déi extra gemittlech Zäit fir e Joër eriwwer. D'Stuff gouf opgeraumt, den Dësch an d'Bitzmaschin koumen erëm op hir richteg Plaz. Owes si Wagenesch fir z'uuchte komm. D'Tata krut alles gewisen, wat d'Hausnéidesch is un Neis gebitzt hat. "Mar gin Onnebréidercher gebak", huet d'Mamm ugekënnegt, éier mir schlofe gaange sin. "An déi aner Woch kënnt de Weber Jhang, da gin owes Kierf gemat", sot de Papp doropshin.

Ménger wärrech, du war dach nach Allerlee lass, éier d'Fuesent d'Duerf aus dem Wanterschlof gerass huet!

[Index] [Home]

08) Vu Kierfmécher an allerlee Duerfhandwierksleit

De Weber Jhang huet sech, wéi ugekënnegt enges Owes, nom Nueteessen, bäi is afond. D'Weiderudden, déi de Papp deglaang an der Wäschkichen am Komp ageweecht hat, stunge schons prett. Mä de Jhang war nët esou presséiert. Zeréischt gouf emol d'Päif an den Tubaakssäckelchen aus der Joppenstäsch erausgekroomt an de Kliefche gestoppt. De Papp huet iwwerdeems Glieser op den Dësch bruecht a se mat Viz gefëllt. Duerno huet hie sech e Blietchen aus dem Zigarettenheftchen erausgezunn, eng Prise aus sénger Tubaakslued geholl, se mat de viischte Fangerspëtzen am Blietche gedréit, mat der Zong zougepecht a séng Zigarett séier um Jhang séngem Fixspoun ugefaangen. Et gouf elo matenee gepatscht a gesproocht. De Jhang hat de Radio gelauschtert a wosst duerfir allerlee Neiegketen. Wéi déi zwéin hir Päif an d'Zigarett gedämpt haten, gung et mat der egentlecher Aarbecht lass.

Den Dësch gouf op d'Säit geréckelt an d'Weidebëndelen erbäigeholl. De Jhang huet sech op en Hocker geseess, déi schéinste Rudden erausgesicht, e Kräiz dermat gefuermt an du do ronderëm gefliecht. Dat gouf schons de Buedem vum Kuerf. De Papp huet him et nogemat, koum awer nët esou séier vum Fleck. Ewell hun dem Jhang séng Rudde schon no uewe gestanen an d'Fuerm vum Kuerf verroden. Ech souz do nozekucken, wéi déi zwee sech drugin hun, hiirt Meescht an hiirt Bescht, d'Kierf tëschent de Knéie ronderëm ze dréien, een Tour nom aneren, an ëmmer erëm nei Rudden anzezéngen. De Papp hat séng bor Méi, fir dem Jhang nozekommen.

Hir Weide krute sech hei ands do ze paken. En aner huet sech missen aus der Wee halen, soss krut een eng gewéitscht. Souwisou huet de Jhang dat vun Zäit zu Zäit, mat groussem Plëséier, esou ganz genëschelt gedon an da gemat, wéi wann en näischt dovu wësse géif.

D'Auer huet elo aacht geschlon a mäi Brudder an ech hu missten an d'Klapp goen. Wéi mir "Gutt Nuecht" gesot hun, huet de Jhang gemengt, mir sollten nët vun de Pompjeën dremen, soss géng et an d'Bett ... an et wir schwéier läschen. D'Kierfmécher hu viru geraibert, bis spéit an d'Nuecht eran. Wéi mir mueres an d'Kichen erofkoumen, stungen zwéin nei Gromperekierf ënnert der Trap. Een hat nach keng Hänken. Dat war dem Papp säin. Dee gouf deen Owend drop vum Jhang fäerdeggemat. Mat wäissgeschlassene Weiden huet hie sech duerno un eng grouss Wäschmaandel gin. De Papp huet en Hänkelkuerf gezwafft. Deen aneren Owend goufen déi al Kierf gefléckt. Déi eng kruten en neie Stack, déi aner nei Hänken. Elo waren is Kierf nees all an der Rei fir déi nei Saison am Gaart an am Bongert. De Papp an de Weber Jhang waren houfereg op hir Aarbecht.

Dee leschten Owend koum de Schouttesch Foos déi zwéi Kierfmécher besichen an hir Konschtwierker ënnert d'Lupp huelen. Hien huet e sëllechen driwwer gededegt, war awer ganz zefridde mat deër gudder Handaarbecht. De Fooss war nämlech en As vu Kierfmécher a spezialiséiert am Anzénke vu Kuerffläschen. Dat war, ménger wärrech, eng komplizéiert Handaarbecht, an et war kee wäit a breet dorëmmer, deen him doranner en X fir en U virmaache konnt.

De "Monni Foos", wéi mir Kanner hie genannt hun, hat séng Wierkstat am alen Hiirdenhaus, dat zou séngem Baurenhaff gehéiert huet. An deër hemeleger Klaus huet hien am Wanter séng Kierf gemat a séng Kuerffläschen agezénkt. Do stung séng Huwwelbänk, säin Huerundels a säi Schraufstack. Himmer an Zaangen, Neel a Schrauwe luchen dorëmmer op engem alen Dësch. Grouss a kleng Seën an Eisebänner hungen un dene kromme Maueren. D'Hiirdenhaus war dem Monni Foos säin "Hellegtom", wou hie gezammert an hantéiert huet. Do war och dem Adolphe säin "Himmelräich", wou hie schons vu klengem un, vu séngem Papp, an d'Léier geholl gin as. Hien huet do diirfe mam Hummer a mat der Zaang ëmgoen a Këschten a Wenercher schnëtzelen a bastelen. Natiirlech huet den Adolphe och emol séng beschte Komeroden, den Theis Leo. den Tärens Will, dem Ëm säi Jhosi an ise Marcel, mat an d'Hiirdenhaus geschleeft. De Monni Fooss hat näischt dogéint, well hie war e Kannerfrënd. Et huet jhust kee vun hinnen diirfen domm a frech gin. Da konnte si och do "schaffen", wéi de "Jhong". D'Bouwe waren doriwwer begeeschtert. Et gouf awer och alt emol gerolzt, sech an den Huwwelspéin gewänzelt a mam Hond, dem Rexi, amuséiert.

Och Schouttesch hir Kazen haten hire Lär am Hiirdenhaus, sin do de Mais, déi hir Näschter an denen alen hëlzene Plafongen haten, op de Pelz geklommen an hu mam Rexi op guddem Fouss gelieft. Wa si Jonger haten, huet d'Rosi séng Frëndinnen, Schiltz Nathahie, Tärens Martha, Theis hir Zwillingen a mech, mat an d'Hiirdenhaus geholl. Mir hun dann déi léif Mizercher bewonnert, se gehemelt a mat hinne gespillt. Da ware mir Medercher och an isem Element. Et gouf dobäi meeschtens Stoppches gespillt, well dofir huet d'Hiirdenhaus sech extra gutt gëegent: déi quackeleg Trap. déi kleng Rompelkimmercher, déi vill däischter Ecken, déi oppen Haascht an den ieweschte Späicher mat all deem Sammelsurium waren extra gutt Stoppen. Dem Monni Foos huet d'Häerz am Leif gekluckst, wann eent vun is sech eng raffinéiert Stopp ausgetëffelt hat: am Bakuewen, ënnert engem eidle Gromperekuerf, am Schaaschtesch an den Huwwelspéin oder hannert der Tak. Stonnelaang hu mir a lauter Freed an deem versponnenen Hiirdenhaus gespillt. Wa mir heemkoumen, wosst d'Mamm, wou mir is erëmgedriwwe haten, well deen absënse Geroch vum Hiirdenhaus, deen an iist Gezei geschloff war, huet hir et verroden. Och vill Baueren huet een dacks am Hiirdenhaus gesinn do aus an a goen. Den Theis Jhoss, den Ditze Jhäng, den Ieweschtschiltz Jhampir an de Leesch Téidi hun do bäim Schouttesch Papp hire Stamminee gehalen oder koume sech wiirmen an e bësschen Duerfpolitik dreiwen. Vun do aus si si dann nach an d'Schmëdd gereest.

Ménger wärrech, dat war d'Plaz am Duerf, wou all Bauere sech begéint hun! Vu Betzder a Bierg, vu Roudemer a Fluesswëller koume si mat hire Päerd bei de Buurg Jhoss. Hie war e Schmadd, dee säin Handwierk aus dem ff kannt huet.


Zeechnong: Laurinda Coelho

Wann hien eleng an der Schmëdd un der Aarbecht war, gong et mat Gesank erof: Gloria a Credo ware meeschtens um Programm, well hie war en ausgezeechnete Kiirchesänger, deen deemools all muergens op séngem Rad an d'Kiirch gejhitzt as an dann d'Wiertesmass virgesongen huet.

A sénger Schmëdd war alles pachschwaarz. Eng Hällewull Houfeisen, grousser a klenger, hungen un de Maueren an um Plafong. Um knubbelegen a schmierege Paweesbuedem luch eng Onmass Neel, Houfstëmp a -spéin. Am Wanter goufen nämlech d'Päerd bannen an der Schmëdd beschlon. Dogéint huet an der gudder Saison sech déi Affär virun der Schmëdd ofgespillt. D'Päerd gouf un en eisene Rank ugestréckt, en nervösen oder rosene Biddi koum an den Noutstall. De Schmadd huet säin Houffaass erausbruecht a gläich ugefaangen d'Päerd ze beschloen. Den Hengscht krut de Fouss héich gehalen. Mat der Hakléng gouf d'Houfeise lassgebrach a mam schaarfen Houfmesser huet de Jhoss den Houf erofgeschnëppelt, esou séier, datt d'Spéin dorëmmer geflu sin. Doropshi krut d'Päerd mat engem Houfeisen d'Mooss geholl. De Jhoss as an d'Schmëdd gerannt, huet d'Eisen an d'Feier geluegt, um Blosballeg gezunn an d'Kuele glouse gedon. Wann d'Eise gliddeg war, huet de Schmadd et op den Unzel geholl a mam schwéieren Hummer drop lass geschlon, datt d'Quonken duurch d'Lut gesprëtzt sin. D'Päerd krut elo dat gliddegt Eisen opgeluegt. Den Houf huet gedämpt a gestonk an de Koko huet no hannenaus geschlon. De Bauer huet Kreesch gedon an hat all Méi de Päerdsfouss unzehalen. Wéi d'Neel an d'Houfeisen ageklappt goufen, du wollt d'Päerd nët méi stallhalen. Doropshin huet de Schmadd iser Härgott vum Himmel erofgeflucht. D'Bouwen, déi ëmmer bei der Schmëdd mat der Nues virbei waren, goufe vum Jhoss op d'Säit gedriwwen. Esouguer hire René a Ferni hu sech ni laang diirfen an der Schmëdd erëmdreiwen, ise Schmadd huet dat nët verdron.

Vum Buurg Jhoss bis bei de Saadler Misch war et nëmmen e Kazespronk. Do kruten d'Baueren d'Päerdsgeschir gefléckt:


Zeechnong: Laurinda Coelho

d'Léngten, d'Kapen, d'Flangen, d'Kielerjach a -gedeck. Eng Kéier hat ech d'Nues diirfen an d'Saadlerwierkstat erastrekken, wéi ech eppes u méngem Liederschoulsak futti hat, dat de Schouschter nët an d'Rei krut. Du hun ech gesinn, wéi deen Ateliersbuedem voll Stréi, Kréng a Päerdshoer luch. Domat goufen nämlech d'Kieleren opgestoppt. De Saadler Misch war e rouege Mann, deen nieft sénger viller Aarbecht séng kränkerlech Fra versuergt huet. Wéi ech deemools bei him war, souz si hannert dem Uewen an hat e schwaarzt Schnappech ëm de Kapp gestréckt. Iwwert dem Schaffen huet de Saadler mir vu séngem Jong verzielt, dem Leo, deen ënnerwee wär fir Schoulmeeschter, an dee bis spéit an d'Nuecht léiere géif an duerfir och ëmmer gutt Zensuren hätt.

O mei, mir blouf de Mond opstoen! —

Ise Schouschter, de Giwer, wéi d'Leit hie genannt hun, war nët esou gespréicheg, mä duerfir awer iwwerall nët manner beléift. Hien huet mech gutt kannt, well ech sin all Dag d'Mëllech an hiirt Haus siche gaangen. As ee jhust mat Schong komm, wann hie mat enger Kniewelerei amgaang war, dann huet ee sech misste gedëlle bis hien opgehalen huet. Hie souz a séngem bloe Schiirtech op engem Schouschterstull viru séngem Leescht an deem niddregen Dësch. Dorop luch eng Onmass Knäipen, Hakelinen, Zaangen, Schéieren, Gar a Stréckelen, kleng Këschte mat allerlee Neel an Douse voll Schongschmir a sténkechem Pech. Um Buedem luch eng Roll nei Lieder an e Quascht vu futtise Schong.

Huet de Monni Giwer dann endlech opgekuckt, iwwer säi Brëll ewech, da konnt een him d'Schong weisen. Hien huet se ënnersicht a gesot, wat alles doru misst gemat gin. Mat ise Schong war hien ni ze vill gehäit, wëll d'Mamm huet ëmmer derfir gesuergt, datt se zur Zäit bei de Schouschter koumen. Dogéint krut den Här Giwer awer ganz aner Kaliber mat grousse Lächer an de Suelen, mat opgerassenen Nuesen an ofgelafenen Talongen an d'Haus bruecht. Fir déi rëm enegermoossen an d'Rei ze kréien, huet dee gudde Mann sech vill ploe missten. "Bou, bou, bou" huet et da stonnelaang duurch d'Haus gehummert. Mat deem Geschéck stunge géint der Owend eng Dose Puer Schong geheelt a gefléckt an der Rei um Dësch. De Monni Giwer war frou an zefridde mat sénger gudder Aarbecht, mä, de gudde Mann hat dann, méi wéi eng Kéier, en décke Kappwéi.

Dräi Deg an der Woch huet den Här Giwer zu Betzder an der "Anstalt" geschouschtert. Mam Rad as hien, Summer wéi Wanter, dohin an zréck gejhabelt. Hien hat och do séng Hänn voll Aarbecht, mä gouf manner gestéiert a koum besser vum Fleck, well d'Schwësteren derfir gesuergt hun, datt de Kanner hir Schong nët an e miseraablen Zoustand komm sin. Déi Deg war et da roueg zu Ouljen a Giwesch. D'Tanti huet d'Wierkstat schéin opgeraumt a gebotzt. Et war dann hir Stuff, wou si gekoschtert huet an emol, mat hirer Kaz um Schouss, eng Mëttesrascht an der Fotell, hannert dem Uewen, gehalen huet.

Géint d'Fréijor huet ise Schouschter eng Raft ageluegt, wou hien nei Schong fabrizéiert huet. Da war hien a séngem Element, wann en am schéinen, neie Lieder schaffe konnt. Dann huet séng Bitzmaschin nët esou ze ruppe brauchen an hien huet séng nei Wuer bewonnert an op der Fënster ausgestallt wéi am Buttéck.

Samschdes owes a sonndes muerges, no der Fréimass huet een dem aneren a Giwesch d'Dir an d'Hand gin. D'Leit koumen hir Schong sichen, déi se bal nët méi rëmerkannt hun, well hire gudde geschéckerleche Schouschter se esou schéin an d'Rei gemat hat, datt se ze soen ausgesinn hun ewéi neier. Da waren dem Här Giwer séng trei Konne frou an hun him gäre säi verstännegen Handwierksloun op der Dot bezuelt. — Etlech Baueren hu keng Zäit fond oder hu vergeess hir Galosche sichen ze kommen. De Giwer huet déi Pappenheimer kannt an huet hinnen nach sonndes, virun der Houmass, d'Schong an d'Haus gedroen. Bei denen hat hien och meeschtens Kripeskrapes, fir séng éierlech verdéngte Suën anzedreiwen. Dovu wosst de Schneider Jhemp och e Liddchen ze päifen, wann hie sech drugin hat a speziell ëm d'Kiirmes Nuechten duurchgemat huet, fir ville Maansleit hiren neie Kostüm fäerdeg ze schneideren an da bei munechen awer laang huet missen op séng Mënz waarden ... Alles as en Handwierk!

[Index] [Home]

09) Is Molkerei

Matten an Ouljen, e bëssche verstoppt hannert dem Wäschbur an der Schoul, stung d'Molkerei. Nomëttes an owes war hir Dir zougespaart, ma moies vu siwen Auer uns war do décke Betrieb.

Vun der Schoul aus konnte mir Kanner am beschte gesinn, wien do an an aus gaangen as. Wann d'Mëllechkanen, déi op de Wenercher oder mam Päerd um Teimer erbäibruecht gi sin. gerabbelt hun an d'Maansleit déck geriet a Kreesch gedon hun an d'Bauerefrae muenech Zäit do verluer hu mat Traatschen a Klaatschen, da gouf sech an de Schoulbänke gelicht an zou de Fënsterscheiwen erausgeluust. Duerfir as et da méi wéi eng Kéier eng ferm an d'Akaul oder eng gutt Portioun Poute gin. Fir deër Blamage z'entgoen an awer ze gesinn. wat dobausse virun der Molkerei lass wär, as een dann, wéi selbstverständlech, säin Tëntefaass op déi lescht Fënsterbank siche gaangen oder huet een e Buch an de Schaf bäim Lawabo gedroen. Egal wéi, déi vum Virwëtz am meeschte geplot waren, hun ëmmer iirgendeng Uursaach fond, fir eppes vum Molkereibetrieb matzekréien. De Schoulmeeschter selwer huet sech och näischt vun deem Duerfrummel entgoe gelooss. Gouf et fir hien interessant, dann huet hien d'Fënster opgerass a laudenhaart, vun dem Schoulsall aus, mat de Bauere plädéiert a gelaacht. Hannert séngem Réck hu mir is iwwerdeems ersierklech amuséiert. Gung et dann drënner an driwwer bannenan hier, dann huet de Lerer misse Schluss maache mat sénger Causettchen. Hie koum bäi d'Bänke gerannt, wou séng Raudië souzen, an huet déi da grëndlech versäckelt. Op der Minutt as säi Schoulbetrieb dann erëm fei roueg virugelaf.

Déi Säit an der Molkerei gung d'Aarbecht och weider. Déi lescht Mëllechkane sin agelaf a goufen duurch déi grouss Fënster, wou eng hëlzen Ofstellbänk virdru stong, séier erageschuppst. Dobanne sin d'Molkereimaschine schons op Héichtoure gelaf. D'Käilrimme sin iwwer d'Pullië gejhauft an d'Motoren hu gedauscht. datt ee kee Wuert méi verstanen huet. De Weltesch Papp an d'Mamm, déi d'Molkerei gemat hun, haten elo hir Hänn voll ze dongen. Op enger grousser Tafel huet de Pir mat Kräid opgeschriwwen, wéivill Mëllech jidder Bauer ofgeliwwert hat. D'Mëllech as duurch eng grouss Sei lafe gelooss gin. Vun do aus koum se an d'Zentrifuusch. An deër komplizéierter Maschin gouf de Schmant vun der Mëllech ofgesonnert an dann an dat grousst Rompfaass weidergeleet. E puer Stonne laang huet dat Faass schéi gemitterlech ronderëm gedréit a gerompt, bis lues a lues de Botter ugefaangen huet ze klompen. Iwwerdeems as de Wässech ënnen aus der Zentrifuusch gelaf komm a gouf an de Kanen opgefaangen. De Weltesch Pir huet opgeschriwwen a séng Bicher ganz besuergt gefouert. Duerno koum hien d'Rompfaass inspizéieren an déck Klompe Botter eraushuelen. An enger hëlze Bittche goufen déi no hannenaus op den Dësch an an de Keller geschleeft. D'Weltesch Mamm huet sech ëmt d'Bottermëllech gekëmmert.

An der Tëschenzäit war den Äismännche passéiert. Aus séngem wäissen Auto huet en déckeg, laang Staangen Äis, op séngem Réck, an de Molkereikeller geschleeft. Déi goufen an de Komp tëschent den neie Botter getesselt, deen dann deeglaang gutt frësch bliwwen as.

Eng Auer zéng koumen d'Bauereleit elo erëm mat de Wenercher hir Mëllechkane mam Wässech a mat der Bottermëllech ofhuelen. D'Bäizercher an d'Gusse kruten de Wässech ze saufen. D'Bottermëllech koum bäim Mëttegeessen op den Dësch oder gouf zu Kéis verschafft.

Déi Baueren, déi keng Zäit haten an hir Kane méi spéit ofhuele komm sin, krute se op d'Bänk virun der Molkerei gestallt. Si hun de Pir gehënnert, well elo gouf dobanne mam Schlauch a warmem Waasser grëndlech gebotzt. Duerno huet et nët méi grad esou staark no Koustallsmëllech an der Molkerei gericht.

Hannenaus war d'Weltesch Mamm amgaang vun de Botterklompen sech ee Batz nom aneren erofzehuelen an op enger Wo, déi um Dësch stung, de Botter a Pënner ofzeweien. Mat zwéin hëlzene Bleilen, wou sou Rillen dran ageritzt waren, huet si ee Pond Botter nom anere schéin hin an hier geklappt a gefuermt. Hat d'Pëndche séng richteg Fassong, da gouf et op Botterpabeier geluegt, wou "Beurre" mat e puer Blimmercher rout drop gedréckt war.

Wann de Pir fäerdeg gebotzt hat, huet hie sénger Fra gehollef de Botter weien, fuermen, awéckelen an an de Keller tesselen. Nach dee selwéchte Muergen oder spéitstens deen aneren Dag koum de Bottermann déi gutt frësch Wuer ofhuelen, fir se an den Epiceriën ze verkafen. Dat gouf dann d'Bottergeld. dat mat de Mëllechsuën, enges Sonndes no der Mass, am Veräinsbau, vum Ziirden Albert un d'Bauereleit ausbezuelt gin as. Fir muenecher Stot war dat eng gutt Pei, vun deër gelieft gin as.

Et gouf awer och Bauerenhaiser, déi eng Parti Botter an d'Molkerei ofhuele komm sin a selwer verkaaft hun. Do war virop Fiels Bäbb, dat all Woch e gudde Quantom an d'Stad op de Maart gedroen an do vill méi deier verkaaft huet. A Schneidesch gouf och alt selwer gerompte Botter doheem matverkaaft, wann hir regulär Cliente gekachte Kéis, dee se schons am viraus bestallt haten, an hiirt Haus kafe koumen. Ménger wärrech, dee gekachte Kéis, dee Schneidesch Kätt fabrizéiert huet, dat war eng Delikatess, no deër vill Leit sech d'Fanger geleckt hun! Mir kënnt elo nach d'Waasser an de Mond, wann ech un esou eng Schmier mat frëschem Brout a Botter an dees gekachtem Kéis denken. Och hautdesdaags ging näischt iwwer esou eng hausmaacher Wuer. Egal wéi, och de Botter vun deemools, aus iser Molkerei, war prima Qualitéit, déi nach laang nët an allen Haiser, all Dag, op den Dësch koum. —

Nu gutt, ech si ménger Mamm regelméisseg, eng Kéier an der Woch, Botter an d'Molkerei kafe gaangen. Ech hun déi Kommissioun em halwer zwielef, no der Schoul, gemat, wa Weltesch hir gutt Leit a spéider den Ëm a säi Marie, fei propper, nach an der Molkerei um Botter geklappt a gefuermt hun. Duerfir war ech esou gutt kënneg an der Ouljer Molkerei.

[Index] [Home]

10) Wéi Pati, Träipen a Jhelli nach hausmaacher Wuer waren

Ëm d'Fuesent, wéi d'Schluechten nach zou denen alen Duerfgebräicher gehéiert huet, gouf nach munnech fett Schwäi mam Schlawittche geholl. Och isen zweten a leschte Giss huet ëm déi Zäit säi Liewe misse loossen. Wann en dann agesolpert an der Fleeschbidde luch, gouf nach Wochen duerno d'Ëmgeréiz an der Kiche verschafft.

D'Fieder war schons ausgelooss an op der Kréibänk stung eng hallef Dose stengen Dëpper, strubbelvoll Schmalz. D'Mamm war houfereg, datt déi nei Wuer esou schéi klorwäiss gerode war. Mä ech war nët ageholl vun deer Schmalzaffär, dat heescht, ech hat eppes géint dee Fettgeroch, deen deeglaang am ganzen Haus sëtze bliwwen as an deen an den Hoer an am Gezei mat de Kanner bis an de Schoulsall gezunn as. Jo, dat war ekeleg, mä dogéint war näischt ze wëllen: dat huet am Wanter zur Duerfromantik gehéiert.

An no dem ellene Schmalzgestank koum dee bessere Patisdoft. D'Schwéngsliewer war schons eng Nuecht an der Mëllech ageweecht. Mat gutt duurchzugenem Fleesch gouf se dräimol duurch d'Zoossissmaschin gedréit. Ech hu gehollef muelen an déi reng Strillercher an eng grouss äerde Schossel kippen. D'Mamm huet iwwerdeems e Koup Zwiwwele geschielt a mat engem extra Hakebeile se kleng gehaakt: dobäi sin hir d'Tréinen d'Baken erofgelaf. A wéi déi Ënnen am Botter gedëmpt goufen, as e gehäerzte Gallem duurch d'Kichen an d'Gaass gezunn. Déi goldegiel glënnereg Wuer gouf mat deër gemuelener Liewer duurchernee gemat. Äer a Schmant goufen drageréiert. Salz a Peffer, Péiterséilech an Teimerjännchen, Lorber a Mëskot hun, ëm Gottes Wëllen, net diirfe vergeess gin. D'Mamm huet ferm geréiert a geklappt. Op eng Kéier gouf de Fanger an de Bullibräi getippt a geschmaacht. "Hm?" — Si huet e spatze Mond gemaach, de Kapp gerëselt a séier nach eng Pouz Salz bäigin. Ech kleng Schnekesch hun och schmaache missten a mäi Pefferkäerche bäileen. "Prima!" Et war fir sech d'Fangeren derno ze lecken. — Grouss a kleng, brong a giel Schossele stunge schons prett, goufe mat Ränzchen ausgekleet, du mat deem delikate Liewerbulli gefëllt an uewendriwwer nach mat Ränzchen zougekleet. Déi éischt Terrinë goufen an de gudde, waarme Schäffchen ageschuppst. D'Mamm huet dem Feier nogeluegt, an ech hu missen e puer Äerbel Holz aus dem Schapp erbäischleefen an d'Holzkëscht hannert der Kachmaschin opfëllen. Et war mokeleg waarm an der Kichen an aus dem Schäffchen huet et ugefaange wonnerbar ze richen. — Dat grousst Dëppe Waasser koum un d'Kachen an d'Mamm an ech, mir hun is un déi barbaresch Spull gin. Vun Zäit zu Zäit huet iist Margréit an de Schäffche geluusst a mat engem Stréckeisen an de Pati gepickt. No enger gudder Stonn waren déi éischt Schossele Pati gebak. Déi schéi brong krupseg gebake Wuer huet een ugelaacht an engem d'Waasser an de Mond gedriwwe. Elo huet d'Mamm hir Konscht erausgelooss ... Si huet Lächer an dee waarme Pati gestach a wäisse Wäin dralafe gelooss. Sapristi, du gung mer en Doft duurch d'Kichen! — Déi nächst Schossele goufen an de Schäffchen agesat. D'Mamm koum du mat der Cognacsfläsch an huet e gutt Gliesche vun deem "Geescht" iwwert dee woteleche Pati gegoss. Ménger wärrech, dat war den Tëppelchen um i! Dës Bäiluecht huet aus dem Pati déi rengsten Delikatess gemat. An no e puer Deg war dee Pati e Genoss. Du koumen d'Wagnesch Tatta, Bertësse Sophie a Giwesch Anni ise Pati schmaachen. D'Menster Ditti, der Mamm hir Néidesch, d'Heenze Madame, an d'Giedel vun der Mille kruten eng Schësselche Pati an d'Haus gedroen. Dat war esou Traditoun. Wann d'Patisschosselen ze soen eidel waren, da goufen Träipe gemat. O mei, dat war mer eréischt eng Oprou an der Kichen! Der Mamm hir gréissten Dëpper koumen op d'Kachmaschin. An engem goufen Häerz a Long, d'iewescht Kappstéck an allerlee Ëmgeréiz vum Schwäi mat Zoppekraut an der Britt gekacht. An engem aneren Dëppen huet wäisse Kapes gebrutschelt. Eng Schossel voll Broutscheiwe goufen an d'Britt ageweecht an herno ferm dran ausgedréckt. Poretten an Zwiwwele si reng gehaakt a mat all deër gekachte Wuer duurch d'Fleeschmaschin gedriwwen gin. D'Gréiwe vun der Fieder goufen dragemëscht an dee ganzen Tuttiquanti mam Schwéngsblutt melânjhéiert. D'Salz an de Peffer, de Mëskot, de Mairon a besonnesch d'Bounekraitchen hun deem bluddege Bulli dee richtige Goût gin. D'Mamm huet ofgeschmaacht. Ech hun d'An zougepëtzt a mech vrun deem donkelroude Brullibräi gegrujhelt. Dee gouf elo mam Kachläffel an d'Träipestrëtz gefëllt an domat duurch d'Schwéngsdäerm. déi daagsvirdrun e puer Mol gebotzt an nuetsiwwer gewässert gi waren, geblosen. Et huet mech amuséiert, wann d'Träipe sech da wéi Schlaange gediebelt hun. Ech hu misste séier de Fanger op d'Ficellen halen, wéi d'Wuppen ënnen an uewe mat engem feste Knuet zougestréckt goufen. D'Mamm huet elo déi frësch gefëllten Träipen an der passéierter Britt am Träipendëppen ofgequellt. Esou bal wéi se eropgeschwomme koumen, goufen s'erausgefëscht an tëschent zwéi Still op eng hëlze Staang gehaangen. D'Träipefett as lues a lues op d'Zeidongen ënnendrënner erofgedrëpst an den Träipegeroch huet sech uetert d'ganz Haus breet gemat. Doriwwer hun ech mech nët gefreet. D'Mamm huet opgeotemt, wéi se esou eng zwanzeg Träipen, schéin an déck, do hänken hat. Mä um Waassersteen, um Dësch an op der Kachmaschin huet eng Hällewull vu fettegen Dëppen a Schosselen op d'Spull gewaart. Wéi d'Mamm déi hanneru sech hat, konnt se bal nët méi jhipsen. De Papp huet d'Träipen an d'Bakes verschanzt a virsiichtshalwer eng Mausfal derbäi opgespaant. Duerno koum hie mam Emer, Torschong, Schruppert a schwaarz Seef erbäi an huet d'Kiche grëndlech propper gebotzt.

Um Mënu vun denen nächsten dräi Woche stungen d'Träipe virop. A wann déi hausmaacher Wuer an der Pan gebrutzelt huet, as dee gekraiderechen Träipendoft duurch an ëm d'Haus gezunn an huet engem den Honger an de Läif gewënscht.

Et war ze soen eng Traditioun, datt an deer Träipenzäit de Papp op engem Sonndeg Owend mam Miller Jhoss an dem


Zeechnong: Laurinda Coelho

Schouttesch Fooss oder onverhofft an der Woch mat e puer Kollegen op d'Träipefreess ugeréckt koum. Hie selwer huet da Kichekueder gespillt, well Träipebrode war séng Spezialitéit. Him no huet nët ze vill Fett diirfen an d'Pan kommen. D'Träipen hu misse lues dra "schmoren", schwaarzbrong glënneren, gutt krupseg gin, säfteg bleiwen a plazeweis opbaschten. D'Tellere goufen am Schäffchen ugewiirmt an déi gebroden Träipe koumen an der Pan op den Dësch. E gudde Pättche Wäi gouf derbäi servéiert an um Enn vun der Freess eng gehäerzten Drëpp an eng Tas staarke Bounekaffi.

An der Träipenzäit as d'Mamm regelméisseg an d'Stad gefuer. D'Madame Jacquemart as dann dem Olseme Margréit bal ëm den Hals gefall, wann déi "gutt Treipen" an enger Schongkëscht, fei verpaakt, bei hir am Haus ukoumen. — Ech mengen, hautdesdaags géifen nach munnech Stater deem schéine vergaangene Brauch notraueren. A wie weess nët, wat dat heescht, datt fréier an och nach an iser Zäit muenechmol "eng Träip no enger Ham geschoss gin as a gët."

Wann dann déi geselleg Träipenzäit zou Enn gaangen as, gouf Jhelli gemat. Duerfir sin d'Schwéngsféiss, d'Oueren an d'Schnëss aus dem Solper erausgeholl gin a mat engem gehéierege Batz Fleesch am Zoppekraut mëll gekacht a reng geschnidde gin. Dat Wäisst vun de Porette gouf gedëmpt an déi ganz Mass a gehäerztem Muselwäi lues gekacht. De Wéngchen huet dem Jhelli et ugedon an deen extra däftege Geroch huet ee glëschtereg gemat. — Um Enn vum Kont stungen eng Dosen Zalättercher a Jhatte schlubbervoll Jhelli um Dësch an de ganze Stot konnt sech eng gutt Zäitchen un deër delikater Wuer regaléieren. An dat, trotz deër strenger Faaschtenzäit. Jo, mä opgepasst. mëttwochs a freides huet d'Mamm de Pati, d'Träipen an de Jhelli agespaart! — Zur Ofwiesselong gouf et gréng Speis, Ierbëssen a Bounen, oder Gromperebulli mat Paangech oder Porettenzopp mat Kniddelen. — Sou war dat freides de Gebrauch uechtert d'ganz Land, haaptsächlech um Duerf, virum leschte Krich.

Am Krich huet déi hausmaacher Schluechtwuer den Duerfleit gutt bäigehalen a fir déi Stater war et e vill begiirten Hamsterartikel: eng Schossel Pati fir eng Box oder e Schiirtech, eng Zalättche Jhelli fir e puer Päck Tubak an Träipe fir Schong an Huesen. —

Zënter dem Krich bis hautdësdaags gët et leider ze soen nëmme méi grouss Schwéngsziichtereien, an déi meescht Lëtzebuerger mussen hire Pati, Jhelli an hir Träipe bei de Metzeler an an de Supermarché kafe goen. 'T as vill méi einfach, nët wouer, mä ... !

[Index] [Home]

11) Vu Kouertenholz a vergaangene Fréijoersspiller

D'Huergäns waren erduurch an d'Sonn huet d'Duerfleit hannert dem Uewen aus de Stuffen erausgelackelt. De Knäppjes Jhang as an de Schlappen am 'Kitzewee' op an of getrëppelt an huet séng al Schanken an der Fréijoerssënnchen opgewiirmt. Fiels Bäbb koum vun der 'Quäerden' erof an hat schons e Kuerf voll Bettschësser gestach. "Harëm, hodëm" huet et vum 'Tréierwee' eriwwer geschaalt, wou de Millesch Marcel mat de Paerd um Plou gefuer as. An de Gäert hun d'Leit fläisseg gegruewen an dee gehäerzte Geroch vu frëscher Aerd luch an der Loft. Bäi Scharels gouf mat de Knoutzele gespillt. Ech si laanscht der Bunn am Hiwwel geklotert an hun ënnert der Heck déi éischt Veilercher fond. E puer Deg virdrun, wéi eng ganz Hickecht vu Kanner mam Här bei d'Grott raumen a botze war, hate mir schons eng Hällewull Bëschannëmonen am 'Stackbësch' gepléckt an d'Muttergottes dermat gerëscht.

Bis erof an d"ënnescht Delen' a bis an d"Waasserlächer' gung dëst Joër de Kouertebësch. Et war duerfir allerlee Betrieb do. Fiels a Schouttesch hir Medercher hu Fäsche gemat. De Monni Joseph, den Theophil an de Fiels Néckel hun zesummen hir Schädkouerten opgelueden.

D'Holzstee war schons eriwwer, mä blouf nach d'Duerfgespréich. Wéi bal all Kéier bei deër Geleënheet haten e puer Maansleit eng ferm an de Biz kritt. Si ware sech an d'Har geroden, wéinst dene beschte Kouerte laanscht dem Bëschwee a well een den anere verdeiert hat. Jo, dat war schons derwäert: Kouerten déif am Bësch waren nët kammoud heem ze kréien. Méi wéi eng Kéier sin d'Päerd mam Teimer an Holzwon am Gesupps steeche bliwwen. Dat war dann eng Kujenad fir d'Kar aus dem Dreck ze kréien, an et as gewëss, datt ouni Fluchen d'Kouertenholz nët aus dem Bësch erauskoum.

No an no gouf et méi eidel am Kouertebësch. Och is Schädkouert war schons doheem ukomm. De Monni Vic war se mat séngem Camion bis hannert d"ënnescht Delen', an de 'Biwer Bësch' siche gefuer. De Papp hat mech matgeholl, mä ech hu mech nët aus dem Auto erausgetraut, well et gouf ëmmer vu Wëllschwäin an deem déiwe Bësch erzielt ...

Lues a lues haten elo all Haiser hiirt Holz virun der Dir leien. Et huet een un dene ville Fäschen ënnert de Schäpp erkannt, wou nach Brout am Bakuewe gebak gouf. A fir d'Klëppelkouerte meeschter ze gin, haten all déi "déck Baueren" hir ege Seemaschin. Op deër gouf bei renegem Wieder an esou niewelaanscht stonneweis, deeglaang, bis an de Summer era gejhipst, fir déi déck Kouertestécker an déi laang Klëppelen ze schneiden.

Déi "kleng Leit", zou dene mir als Eisebunner gehéiert hun, waren op d'Seemaschin vum Bertëssen Nicki ugewisen. Hien an de Jhäng ware schons wochelaang an de Nopeschdierfer domat um Tour. Enges Sonndes krute mir Bescheed, wéini si d'Holz an isem Eck schneide kéimen. De Papp huet sech fir deen Dag fräi geholl. De Scharels Jhemp an de Knuppen Alwiss ware fléck bei Hand wéi de Saubesch Nicki mam Trakter an deër schwéierer Seemaschin bei eisem Haus ugetëft koum. Natiirlech ware mir Kanner och mat der Nues virbäi, mä goufen op d'Säit gejot, wéi et lass gung. Déi dräi Maansleit hun d'Kouertestécker séier erbäigeschleeft. Den Nicki eleng huet se wif iwwer dee glaten a blanken Dësch duurch d'See gedréckt. Op deër anerer Säit huet de Jhäng déi geschnidden Holzbätz erwëscht an s'op de Koup gehäit. Ech hu mech geschwënn hannerwands gemat, well dat jhäizeg Jhiipsen as mir duurch Muerch a Schank gaangen. Nodeem d'Holz all geschnidde wor, gouf eng Fläsch Wäin servéiert. Den Nicki huet nët matgemat, well séng Fangere waren am Spill, mä de Jhäng huet de Pättchen nët versot: duerfir hat hien alt emol no Feierowend de Babbeler. D'Mamm huet d'Schold gläich beglach an den Nicki as mat sénger Seemaschin bei Knuppen an duerno bei Scharels gefuer. Et wor klor, datt de Papp du do mat agesprongen as. Dat war deemools esou ugeholl bei alle gudden Noperen.

Wéi d'Seemaschin fort war, luch d'Aarbecht kéipweis virun der Dir. De Seemill as an Emeren opgeschëppt a fir d'Räzhaische versuergt gin. D'Aaxe goufen an d'Rei gemat. No Feierowend huet de Papp stonnelaang Holz gerass. Déi grouss Bouwe si mat un déi Aarbecht gaangen. Dem Cëcill säin Norbert huet méi ewéi eng Kouert eleng gerass, ouni sech mat der Aaxt onglécklech ze man. Soubal e Kéipche gerassen Holz do luch, gouf getässelt: dat war de Kanner hires, mä, opgepasst, d'Maiercher hu misste schéi riicht gebaut gin! An elo war d'Zäit do, wou owes no der Schoul stonnelaang Stoppches an isen Holzhaisercher an hannert denen héije Fäschen- a Klëppelekéip gespillt gouf. Onvergiesslech sin déi schéi Stonnen!


Zeechnong: Silvio Marques

Am Schoulhaff luchen och e puer Kouerten Holz. Et huet e gudde Strapp gedauert bis se geschnidde goufen. Mir sin natiirlech drop erëmgeklotert an och alt erofgetrollt, krute Blessen a Spläiteren, mä dat huet is nët vill ausgemat: mir waren nët esou kriddeleg.

Soubal d'Holz geschnidde war, souzen déi Kleng do am Seemiel ze spillen an déi Grouss hu mat den Holzbätz Schanzen a Buurge gebaut an hun hirer Fantasi volle Laf gelooss. Mä du koum de Gréiwe Franz an huet ganz gemittlech lues a lues d'Holz gerass. Mir koumen dann nët zur Zäit an d'Paus, fir déi schéi Wuer ze tässelen. Bis all dat Holz dreche war, hate mir wonnerschéi Pausen. — Mä, déi gréisste Freed gouf et, wéi d'Holz op de Schoulspäicher gezu gin as. Du hun d'Medercher missen d'Kierf fëllen, se ukrämpen an se un engem laange Seel an d'Lut zéien, héich erop an de Späicher. De Päiffesch Jhull, de Chef vun deër Anterpris, huet uewen an der Liicht geseess an de Kuerf ganz geschéckt eragekroopt. Séng Equipe, den Norbert, de Pir an de Jhoss hun d'Kierf eidel gemat. De Jhull huet se iwwer d'Seel erëm erofgelooss. Wéi war dat esou lëschteg, wann dann all Medercher hu misste séier um Seel zrécklafen, fir datt de Kuerf op de Buedem geplouft koum!

Doheem huet iist Holz, wéi et gutt dréche war, och missten an de Schapp gedroe gin: kierfweis, wa mir zu zwee waren, äerbeleweis, wann een eleng war. Déi laangwëlleg Aarbecht wollt nët richteg rëtschen a méi wéi eng Kéier huet ee probéiert, sech derlaanscht ze drécken. Da konnt et virkommen, datt ee ferm bejaut gin as an d'Spillen deen Dag gestrach kritt huet. Et hat ee sech domat selwer schwéier an d'Tënt gesat, well an deër Rafft waren nach allerlee flott Spiller op der Tapéit. Sou hun d'Jongen z. B. sech Stelze gezammert: e stabilt Stéck Holz gouf un zolidd Late geneelt. Duerop hun is Kadette sech mat de Féiss gestallt a si wéi Storechen duurch d'Duerf stolzéiert. D'Medercher hun hinnen et prompt nogemat, konnten et awer nët mat hinnen ophuelen. Dat geféierlecht Spillchen huet ni ze laang ugehalen. Et krut en Enn, wann der e puer fatzeg op d'Suckel goungen an duerno mat Bëlzen a Blessen dorëmmer gehippt sin. Mä, et gouf nët gepauert: duerno koum den Dapp un d'Rei.


Zeechnong: Laurinda Coelho

Matten op der Strooss, well do war et am mannste knubbeleg, huet dee Spaass sech ofgewéckelt. Et gouf zwou Zorte vun Däpp: einfach hëlzener oder rout-giel a blo lackéierter. Mä, dat war nët esou wichteg, d'Haaptsaach war e gudde ronnen Nol an der Spëtzt. Den Dapp gouf un d'Ficelle vun der Gäissel gewéckelt an een Zock, ganz geschéckerlech, op d'Strooss gejhummt. Mat e bësse Chance huet den Dapp sech gläich flénk gedréit a gedanzt, säi Meescht a säi Bescht. Am richtegen Ament krut en eng vun der Gäissel gewéitscht a gouf esou ëmmer an ëmmer op Toure gehalen bis en an eng Kaul oder an de Kulang geroden as an dann ausgedanzt hat. Wann dat Dappféiwer un is wor, da wor no der Schoul nët vill mat is ugefaangen. Esouguer an der Pausenzäit hu mir baussent dem pawete Schoulhaff gespillt. Ei, dann hu mir Dappkursen organiséiert: d'Duerfbréck erof an erop! Wat war dat eng Freed! An och op dem Heemwee as den Dapp mat is gedanzt. Autoën a Camionën hu mir nët brauchen ze fäerten. Et sin der am Fong nët masseg passéiert a sou wi sou, déi Zäit hun déi Gefierer esouvill Spektakel geschlon, datt mir schons laang aus der Wee waren, éier si is an d'Féiss koumen. Wat waren dat dach roueg a glécklech Zäite fir d'Duerfkanner vun deemools ... ! Gewëss, mä et soll hautdësdaags dach nëmme kee behaapten, et wir näischt lass gewiescht bei "is" zu Ouljen!

[Index] [Home]

12) Allerlee Kuriositéiten ëm d' Ouschterbotz

Déi éischt Schmuebelen haten Ouljen erëmfond. Gläich hu si hir Näschter an de Kéiställ a Beschlag geholl oder hun neier ënnert de Scheieren a Schäpp gebaut. Doriwwer gouf sech an de Bauerenhaiser gefreet, well Schmuelmëschen ënnert dem Daach sollte Gléck an Haus an Haff bréngen. — Op alle Fall, eent war gewëss, mat hinnen as d'Fréijoër agezunn. D'Sonn stung erëm um bloen Himmel an huet fir neit Liewe gesuergt.

An den Haiser sin d'Fënstere weidenoffen opgerass gin an déi muffeg Stuffen a Kummere sin erëm zerguttste gelëft gin. Dobäi war et elo un der Zäit fir d'Ouschterbotz ze man. Is Nopeschen, Knuppen Anna a Lucie, hun, wéi all Joër, den Optakt gin. Si haten e wäisst Bokeschnappech ëm de Kapp gebonnen a koume mat hiren Tapiën, Pillemen, Woll- a Steppdecken eraus op d'Wiss. Do gouf alles op d'Wäschléngt gehaangen an an deër gehäerzter Fréijorsloft gelëft.

"Den éischten as vir", mä d'Wagenesch Tatta an d'Millesch Giedi ware gläich hannendrun. A Scharels, a Bertëssen, op der Millen a bäi is gung et du och lass.

D'Diwwiën, d'Fieder- an d'Plaumebetter, d'Käil- an d'Kapp- kësse sin aus de Kummeren an de Gaart geschleeft gin, hannert oder virun d'Haus, je, dohin, wou d'Sonn am beschte gedréckt huet. D'Matrasse goufen op hëlze Béck getässelt a mam Martini geklappt. Fir dës schwéier Aarbecht hun d'Maansleit och missten eng Hand upaken. Si haten déi richteg Kraaft, fir de Kläpper op de Matrasse fluppen ze dongen. Och aus dene schwéiere Rëssoren, déi an de Kummere geklappt goufen, hu si de Stëbs, wéi eng Wollek, duurch d'Zëmmeren an zou den oppene Fënsteren erausfléie gedon. Is Fraleit vun haut rëselen doriwwer ganz sécher de Kapp, mä bedenken nët, datt virun engem halwe Joërhonnert et nach kee Stëbssuckeler gouf. An dobäi waren deemools d'Medercher an d'Fraen nët manner abill, hu sech vill geplot mat der Drecksbiischt, der Stëbslomp a mam Mops a sech nët gi bis de leschte Stëbskäerchen aus allen Ecke verdriwwe war. Dobäi sin och deemools d'Ridongen op der Hand gewäsch a gestreckt gin. Je, an der Ouschterbotz koum alles un d'Rei. D'Spigelen, d'Hellegebiller iwwert denen héije Better, d'Fënsterrauten an d'Jalousië goufe gewäsch, déi hëlze Biedem gespéint, d'Schief geraumt, d'Wäsch frësch getässelt, d'Wantergezei ewechgeraumt an e puer fatzeg Stécker an de Lompekuerf gehäit. Zum Schluss gouf alles gewichst, wat Wichs verdroen huet. Dann huet et am ganzen Haus no Ouschterbotz gericht. Eng ganz Woch laang, alt zwou, gouf esou gewuddert. All Dag koum eng aner Kummer un d'Rei.

Géint der Owend goufen d'Matrassen an all dat gelëfte Bettgezei erëm d'Trap op geschleeft. D'Pillemen, d'Diwwiën an d'Plaumebetter ware wéi opgeblosen a si bal nët méi an déi frësch Zichen an Hussen eragaangen. Deen Owend huet een am Bett gemengt et géif een op Wollécke leien an et huet een nuets geschlof wéi en Dachs.

No de Kummere koum déi bescht Stuff un d'Rei. An an der Kichen a Spëndche war absëns vill Aarbecht fälleg. D'Kréibänk an de Kicheschaf si geraumt a mat esou léiwer Pabeierspëtzt agekleet gin. D'Dëppe goufe mat Holzäschen a Wim geschauert, d'Kachmaschinspäif auserneegeholl an de Rouscht erausgestëppelt. Duerno si se schwaarz gewichst oder sëlwereg ugestrach gin. Dat war eng schéi Sténkerei, déi deeglaang uetert d'Haus ugehalen huet. Mä alles dat an nach vill aner Oprou hu bei der Fréijorsbotz misste mat a Kaf geholl gin.

Och déi barbaresch Kéip vu Wanterwäsch hun zum Programm gehéiert. Um Wäschbur war duerfir zu deër Zäit héije Betrieb. Mat Weenercher a Stousskaren hun d'Frae Bittercher voll Wäschgezei erbäigeschleeft. Déi sechs grousseg Këmp gungen elo nët duer a méi wéi eng Kéier gouf gerangelt, fir e Seef- an e Schwenkkomp z'ergadderen. Zu gudder Lescht hun is Frae sech missten eensgin an, zou dräi an dräi, sech deegweis andelen. Päiffesch Marie, Fiels a Schiltz Bäbb hu matenee geseeft a geschwenkt, gebléit a gebleilt an iwwerdeems gutt gejhaddert. Duerno war den Tour un Theis Alice, Ditze Rosa a Leesch Anna oder Schneidesch Maria. Éier d'Schoul ugaangen as, stungen d'Kanner do nozekucken a sin dene schéine Seefeblosen nogerannt. Géint der Owend waren d'Këmp fräi. Da koume Gréiwe Maria, Eengel Katrin a Knäppjes Maria nach erbäi. Och d'Schouttesch Mamm an d'Matill, déi hir Wäsch schons doheem geseeft haten, koumen nach owes hir Bauchecht op de Wäschbuer schwenken a klappen.

E Gléck, datt an dene Wochen Ziirden hir de Wäschbur nët gebraucht hun! An deem décke Bauerenhaus war et Traditioun, datt am Fréijoër an am Hierscht gebaucht gin as. Hir Jongen hun déi grousseg Bidden op dem Bauchstull an hirem Haff, virun der Kichen, opgeriicht. D'Tatta Therese, déi ganz genee iwwert d'Bauche Bescheed wosst, huet kommandéiert. D'Bauchbidde gouf bannewenneg mat engem graffe Léngenduch ausgekleet. Hir Medercher hun d'Wäsch agefëllt: dat grafft Gezei fir d'éischt. Da gouf d'Bauchbidde mat Waasser gefëllt, d'Äschduch iwwer d'Wäsch geschloen an d'Holzäsche, gläichméisseg driwwer verdeelt. Ënnen an der Bidde war eng Zap. Zou deër gouf d'La deelweis erauslafe gelooss, am Bauchkessel, deen dernieft stung, opgewiirmt an erëm, lues a lues, schéi gläichméisseg, opgeschott. Dee ganze Manöver — Ofzapen an Opgéissen — gouf e puer Mol dësdaags widerholl, an d'Wäsch huet esou richteg een, zwéin Deg laang an deër Supp gemautscht. D'La gouf ëmmer méi brong an d'Gezei ëmmer méi wäiss. Schliisslech gouf d'Wäsch no an no mat der Bauchzaang erausgefëscht a bitterchesweis mam Beia bei d'Baach, laanscht Ziirden hirer Wiss, gefouert. Déi méi knaschteg Wäschstécker goufen an der Baach nogeseeft. De ganzen Dag duerch waren d'Emma an d'Anna amgaang d'Bauchecht ze schwenken, mam Bleil ze klappen, op d'Wiss ze leën an do ze bleechen. Een, zwéin Deg laang luch dann dee ganzen Ziirdewues voll wäiss Läilécher, Kappzichen, Maanshiemer, Kalzongen an eng Onmass Fraleitsënnerwäsch. Et war derwäert, well Ziirden haten deemools e Stot vun hirer elef. Dräi-, véiermol dësdaags waren d'Ziirde Mamm, d'Tatta an déi dräi Medercher amgaang, déi ganz Bleech mat der Géisskan ze strenzen. Hir Jongen hun och alt sträppweis eng Hand ugepaakt. Et war eng schéin Aarbecht an owes wosste se, wat si deen Dag gemat haten. D'Sonn huet natiirlech d'Haaptroll gespillt an d'Wäsch op der Bleech schéi wäiss gemat.


Zeechnong: Laurinda Coelho

Iwwert d'Bréck as elo kee gaangen, dee sech nët déi Kuriositéit ugekuckt huet. Alt dräi Deg an iwwer Nuecht blouf d'Bauchecht um Wues leien. Wéi se du schnéiwäiss war, koum se dréchen a wéi "parfuméiert" an d'Haus. Daagsdrop luch se schéi gestreckt an opgefaalt schons an de Schief. An Ziirde ware se frou, datt se déi Korwi hanneru sech haten. An elo, wéi op Rendez-vous, matzen an all dene Fréijorsaarbechten as den Dëppegéisser opgedaucht. Hie koum mat engem Weenchen, deen e razegen Hond gezunn huet. Op deem Gefier huet hie säin "Atelier", bäi séngem Tour iwwer Land, mat ronderëm geschleeft. — Am Nu wosst d'ganz Duerf, datt de Kesselfléckert sech virum Wäschbuer installéiert hat. D'Kanner sin an d'Haiser gerannt a koumen, wéi de Wand, mat Emeren, Dëppen a Läffelsgeschir erbäigelaf. Am Krees stunge se ronderëm den Dëppegéisser an hun him nogekuckt, wéi hien d'Lächer an den zénke Bittercher gefléckt huet. An engem Kessel, deen op engem Gäppche stung, huet eng sëlwereg Britt gebrutschelt. Dora goufen d'Läffelen an d'Forschette gezappt an nei verzënnt. Si hun duerno geblénkt wéi Sëlwer, mä dat Blénke war ni vu laanger Dauer. An dach koume vill Leit mat hire grousse Wäschkesselen, déi geronnen hun an op eemol war den Dëppegéisser vun enger Hällewull Kichegeschir agekesselt. Deen Nomëtteg hu mir Kanner vergeess an d'Schoul ze goen. 'T war nët esou schlëmm, well op eemol stung de Schoulmeeschter och do. Ënnert all deem Kreemchen huet hien eng zënne Schossel entdeckt, déi him et ugedon hat. Ise Lerer huet déi Antikitéit erwëscht an as dermat an Theis gereest, vu wou dat aalt Stéck hierkoum. Schoul gouf deen Nomëtteg ze soe keng gehalen an déi wäertvoll Schësselchen as am Schoulmeeschter sénger Sammlong gelant. Iwwer deem Focken hu mir am Wäschbur Fänkches gespillt, een deen anere mat Waasser gesprutzt an nach allerlee Furri gedriwwen. Schouttesch Jhong huet dem Dëppegéisser séngem aarme Mupp ze freesse bruecht. Doropshi gouf isen Handwierksmann och hongereg an huet no enger Kuuscht gefrot. Belsche Marceli huet sech sénger erbaarmt an him eng wäisse Kéisschmier bruecht. Wéi hie sech du säi laange Baart gutt beschmiert huet, wollten e puer Bouwen de Geck mat him maachen. Mä, hien huet kee Spaass verstanen, gouf foxwëll an huet op jéinesch Kreesch gedon, datt mir is all aus dem Stëbs gemat hun. —

Doropshi gouf et méi roueg bäim Dëppegéisser. Hien huet elo gemitterlech virugeknéchelt. Géint der Owend huet en dee ganze Jhirimiri mat enger fatzeger Decken zougestoppt, säin Hond derbäi ugestréckt an as bei de Simon e puer Humpen huele gaangen. Nuetsiwwer huet en am Wäschbur oder


Zeechnong: Paula Antunes

éierenswou an engem Schapp geschlof. No zwéin, dräi Deg hat hien dee ganze Sammelsurri gefléckt. D'Leit koumen hiirt Geschir ofhuelen an hun hie bezuelt. Hien huet säin "Atelier" zesummegeschlon an as d'Duerf aus, no Betzder gezunn.

An elo war den Tour um Schéiereschlëffer. Hien hat e Schläifsteen op Rieder an as domat vun Haus zu Haus gefuer. D'Leit hun him hir stompeg Messeren a Schéieren erbäibruecht. Mam Fouss huet hien dee ronne Steen un d'Rulle kritt an op der Dot waren d'Knäipen an d'Gaudië schaarf wéi e Baartmesser.

Och de Prabblisflécker huet nët op sech waarde gelooss. Klengegkete goufen direkt virun der Dir gefléckt. Bäi gréissere Reparaturen huet hien de Prabbli a säi Gestell gestach an e matewechgeholl. Déi nächste Kéier, wéi hien erëm um Tour war, huet hien de Parapli fei brav an tipp-topp gefléckt erëm op séng Plaz bruecht.

Zu gudder Lescht koum och de Lompekréimer aus dem Maacher Kalebierg. Dräi, véier Hënn hun him laang Joren duurch säi Jhabel gezunn. Enges Daags koum en du mat enger klenger Kamionett gefuer. Doran hat en e ganze Basar vun äerdene Schosselen a geblummelechten Telleren an Tasen an Holzwoll agepaakt. Mat enger Schell huet en d'Leit erbäigetrommt. Déi ware séier do mat hiren ale Fatzen a Lompen. Wat de Sak méi voll war, wat si sech méi schéine Parzeläin auswiele konnten. Dat huet ëmmer Freed gemat a keng Hausfra wollt de Lompepio verpassen.

Nët wouer, wat waren dat dach schéin Zäiten ... a wou si se hin!?

mtcoverback.jpg(67 KB)

©

by Éditions de l'Imprimerie Saint-Paul s.a.
Luxemburg 1990
ISBN 2-87963-104-1

[ www.MillyThill.net ]